D’ASTM huet virum Hannergrond vun der Weltklimakonferenz COP28, déi nach bis den 12. Dezember zu Dubai ass, hir Kritikpunkten an hir Revendicatioune presentéiert.
Dem General-Koordinator vun der ASTM no féiert de Mechanismus vun der CO2-Kompensatioun net zu enger Reduktioun vun de klimaschiedlechen Emissiounen. Déi awer missten erofgoen, esou de Michaël Lucas.