Et wéilt ee präventiv kontrolléieren, ob nach aner Produiten zu Lëtzebuerg betraff wieren, huet de Patrick Hau ugekënnegt. Bis elo war Puddermëllech vun de Marken Nutricia, Picot, Nestlé, Guigoz, NAN an Alfamino betraff.
Eng éischte Kéier wier d’ALVA am Dezember kontaktéiert ginn, wéi an Holland eng Rei Puddermëllechen zeréckgeruff goufen, well se mat toxesche Bakterie kontaminéiert waren, erkläert de Patrick Hau.
"Dunn ass awer erausfonnt ginn, datt den Ingredient primaire, deen do benotzt gouf an dee kontaminéiert war, datt deen a méi Produite verschafft gouf. An duerfir sinn déi Rappellen elo Enn Dezember an dann elo och iwwert Januar ausgedeent ginn."
Momentan nach keng Fäll zu Lëtzebuerg
Net all déi betraffe Produite ginn zu Lëtzebuerg verkaf. Puppelcher déi kontaminéiert Produite kritt hu kéinten Duerchfall kréien oder misste sech iwwerginn. De Patrick Hau réit Elteren deenen hir Kanner Puddermëllech vun de betraffene Marke consomméiert hunn, hir Kanner am An ze behalen a bei de Kannerdokter ze goe wann d’Kand krank géif ginn.
A Frankräich ware rezent zwee Puppelcher gestuerwen, déi kontaminéiert Puddermëllech solle kritt hunn. En Zesummenhang konnt bis lo awer net confirméiert ginn. Zu Lëtzebuerg wier awer nach kee sou ee Fall bekannt, esou de Patrick Hau.
"Et ass esou, datt verschidde Krankheeten hei zu Lëtzebuerg musse gemellt ginn un d'Autorité sanitaire. A vu datt mer e permanenten Échange hu mat hinnen, géife mer dann och gewuer ginn, datt esou Fäll wären. Mee am Moment hu mer dat nach net."
Op securitealimentaire.lu géif d’ALVA matdeele wann an Zukunft weider Produite betraff wieren, esou nach de Patrick Hau.