De Finanzministère erkläert de Mëssel doduerch, datt ee sech op Informatioune vum däitsche Finanzministère baséiert hätt, déi net komplett an net exakt gewiescht wieren. Ausléiser fir de Revirement ass d’Gewerkschaft Aleba, déi op déi falsch Duerstellung opmierksam gemaach huet.
D'Aleba hat virgewarnt
D’ALEBA hat gestëppelt a gesot, si géif dem Lëtzebuerger Finanzministère hir fachlech Expertise fir dat däitscht Steierrecht zur Verfügung stellen. De Finanzminister Gilles Roth hat rezent gesot, et wier fir däitsch Grenzgänger méiglech, Iwwerstonne mat engem Montant vu bis zu 12.834 Euro steierfräi ze verdéngen. Deem widdersprécht d’Steierexpertin vun der Aleba d’Miriam Keusen:
Deem widdersprécht d’Steierexpertin vun der ALEBA, d’Miriam Keusen: De Betrag géif vill méi déif leien.
„Und zwar sind es einmal Werbungskosten von 1.230 Euro, plus die luxemburgische Pflegeversicherung, das ist so der Mindestbetrag der steuerfrei ist. Es gibt mögliche andere Varianten, in denen sich dieser Betrag erhöht, aber das ist natürlich sehr viel geringer.“
Da géif ee bei 2.000 Euro leien, déi an Däitschland net besteiert ginn, mee net bei bal 13.000 Euro.
Abattement de base gëllt op all d'Revenuen
An Däitschland gëtt den Abattement de base nämlech net nëmmen op d’Iwwerstonne berechent, mee op all d’Revenuen. Also och déi, déi net an Däitschland besteiert musse ginn.
“Von daher ist es leider so, dieser Deutsche Topf, auf dem dann dieser deutsche Steuersatz anzuwenden ist, der ist halt relativ schnell voll. Sobald man da mit den 1.230 Euro plus die Pflegeversicherung aus Luxemburg drüber ist, ist halt schon ein Risiko da dass man Steuern zahlen muss.”
D’Aleba wollt d’Steierzueler warnen, datt si sech net sollten op dem Minister Gilles Roth seng éischt Aussoe verloossen. Déi concernéiert Steierzueler kéinten nämlech mengen, datt si keng däitsch Steiererklärung ofgi mussen, well si an Däitschland keng Steiere bezuele mussen, erkläert nach d’Miriam Keusen.
“Und wenn man das jetzt nicht abgibt, dann hat man ein Risiko, dass man 2 oder 3 Jahre später verfolgt wird wegen Steuerhinterziehung, wéil man vergessen hat diese Steuererklärung abzugeben oder wéil man die ewige Annahme hatte, dass die Stuererklärung nicht abzugeben wäre.”
Eng Léisung gëtt et nach net
De Ministère ass wéi gesot elo zeréckgeruddert an huet zouginn, sech geiert ze hunn. Eng Léisung fir däitsch Frontaliere gëtt et domat nach net. Wa si hei am Land Iwwerstonne maachen, ginn déi an Däitschland besteier, obwuel se zu Lëtzebuerg steierfräi wieren.
Och den OGBL an den LCGB hu schonn e puer Mol eng Léisung fir déi Situatioun verlaangt.