Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ABBL: Et interesséiere sech erëm méi Leit fir de Kaf vun engem Logement

Wunnengsmaart

ABBL: Et interesséiere sech erëm méi Leit fir de Kaf vun engem Logement

​​​​​​​Och d‘Banke kënnen a solle bei der Logements-Problematik an der Baukris zu Lëtzebuerg hëllefen, sot de Premier Luc Frieden no der Logementsreunioun dës Woch zu Senneng. Bei dëser Reunioun war den Generaldirekter vun der Banken-Associatioun ABBL mat derbäi. De Jerry Grbic sot am 100,7 Interview, et wier eng ganz positiv Reunioun gewiescht.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Datt de Bau an Immobiliëmaart zu Lëtzebuerg staark ofgebremst ass, mierken d‘Banke ganz kloer. Déi méi héich Zënsen an d‘Inflatioun hunn dozou geféiert, datt 40 Prozent manner Immobiliëkreditter gemaach gi sinn, sou den ABBL Direkter Jerry Grbic.

Mee nodeems d‘Regierung Mesuren annoncéiert huet fir de Maart ze stimuléiere géif een elo gesinn, datt erëm méi Leit sech géife fir de Kaf vun engem Logement géifen interesséieren.

„Si komme bei hir Bank fir ze froen: ‚Wat kann ech mer dann iwwerhaapt leeschten?‘ Do hu mir gesi bei eise Memberen, datt erëm méi Demande do ass.“

Fir där Demande gerecht ze ginn, a fir och d‘Offer vu Wunnengen, déi gebaut ginn ze stimuléieren, gëtt et eng Partie Hiewelen, wou d‘Banke kënnen usetzen.

Spillraum vun de Banken ass duerch europäesch Reegelen definéiert

De Premier Luc Frieden hat dës Woch zwou Piste genannt. Fir Projete vun neie Wunnengen déi solle gebaut ginn, ze deblockéieren, kéint een drun denken de Seuil vun 80 Prozent, dee muss verkaf sinn, ier d‘Banken hir Garantie ginn, erofsetzen. An och beim Eegekapital, dat ee matbrénge muss, fir als Privatpersoun Sue vun de Bank geléint ze kréien, kéint een iwwert Upassungen nodenken, esou de Premier. Do hunn d‘Banken allerdéngs zu engem groussen Deel d‘Hänn gebonne wéinst EU- Reegelen.

„Verschidde si kloer Direktiven, anerer sinn éischter méi Reglementatiounen, wou et vläicht Interpretatiounsspillraum gëtt, an et ass och do wou mer wëllen usetzen a soen, komm mer setzen eis zesummen a kucken, ob do net eppes méiglech ass.“

Reegele fir Eegekapital gi vum Regulateur festgeluecht

Zu Lëtzebuerg muss een an de meeschte Fäll 20 Prozent Eegekapital mat bréngen, wann een eng Wunneng keeft, d‘Banke léinen also maximal 80 Prozent an de meeschte Fäll. Iwwert eventuell Upassunge kéint een awer diskutéieren, seet de Jerry Grbic. De systemesche Risiko, wa Leit hir Kreditter net méi zréckbezuele kéinten, misst dobäi awer weider respektéiert ginn.

„An dofir kënne mir als Bank net eleng soen: 'komm mir setzen den Taux, oder eise Besoin vu Fonds propres erof.' Dat ass festgeluecht, dat kënne mer nëmme mam Regulateur maachen, an dat ass eben, wat mer bilateral elo mam Finanzministère maachen, fir iwwert déi dote Méiglechkeeten nozedenken, ech kann haut net konkret soen, wat mer kënne maachen.“

Bis Enn Mee spéitstens sollen d‘Banken, no bilaterale Gespréicher mam Minister, grad wéi aner Acteuren, hir Proposen op den Dësch leeën, fir eng Upassung vu verschiddene Prozeduren a Reegelen - dat alles am Sënn vun der Regierung hirem Zil, méi Wunnengen op de Maart ze bréngen.

Lauschterenplay_arrow