Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E-Auto: Wéi eng Born ass déi richteg fir mech?

Elektromobilitéit

E-Auto: Wéi eng Born ass déi richteg fir mech?

Wärend dem Autofestival wäerte vill Leit sech iwwerleeën, een Elektroauto ze kafen. Mee och iwwer d'Opluede muss ee sech Gedanke maachen. Mëttlerweil ginn et awer vill verschidden Zorte vu Bornen an net all kënne se dat selwecht. Fir den Iwwerbléck dobäi net ze verléieren, kann een op d'Hëllef vun der Klimaagence zeréckgräifen. 

auto_stories

4 min

headphones

7 min

Fenn Faber | © Jo Diseviscourt play_arrow
Fenn Faber (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Direkter vun der Klimaagence Fenn Faber schwätzt am 100,7-Interview vun zwee grousse Cas-de-figuren: Wunnen an engem Haus oder an enger Residence.

Méi einfach ass et, wann neen an engem Eefamilljenhaus wunnt, esou de Fenn Faber. An deem Fall hätt een da verschidden Optiounen.

“Ech kann eng relativ einfach Born huelen, déi virun allem do ass, fir den Auto dann tatsächlech opzelueden. Ech hunn awer och d'Méiglechkeet, fir méi intelligent Bornen ze huelen, déi aner Kommunikatiounscapacitéiten hunn an déi ënner anerem et och erméiglechen, zum Beispill e Lien ze maache mat der PV-Anlag.”

Esou kéint ee säin eegene Stroum nach méi einfach notzen, seet de Fenn Faber. Och eng Gestioun iwwer eng App wier da méiglech. Da kéint een och besser aschätzen, wéi vill Stroum wann a wou am Haus verbraucht gëtt.

Ënnert dem Stréch ass et dann och méiglech, Suen ze spueren. Dofir huet d’Klimaagence och elo ee Vergläichsportal lancéiert, wou een déi verschidde Funktioune vun de Borne fir Haiser matenee vergläiche kann, erkläert den Direkter vun der Klimaagence.

Intelligent Systemer fir ee bessert Lueden

An enger Residence eng Born ze installéieren ass awer méi komplex, betount de Fenn Faber.

“Engersäits, well ech mat aneren zesummen e Projet ëmsetze muss. Anerersäits, well et awer och technesch eebe wichteg ass ze kucken: 'Wéi kann ech déi Leeschtung, déi ech an deem Gebai hunn, optimal verdeelen op déi verschidde Bornen'.”

Do géingen et “Système de charge intelligente” ginn. Déi erlaben et, eng Optimiséierung vum Luede vun deene verschiddene Bornen ënnereneen ze erlaben. Dat wier och ganz intressant fir Professioneller, seet de Fenn Faber.

“Entreprisë beschäftege sech och ëmmer méi mat der Elektrifikatioun vun hirem Fuerpark oder awer och mat der Luedméiglechkeet fir hir Mataarbechter.”

Och déi sinn am Vergläichs-Tool vun der Klimaagence integréiert. D’Agence stellt ausserdeem een Aide-Simulator zur Verfügung.

Initialen Invest

Et kritt een och méi Hëllefe fir déi méi intelligent Bornen am Verglach zu deenen Einfachen, esou de Fenn Faber.

“Also am Familljeberäich si mir bei bis zu 750 Euro fir einfach Bornen, also 50 Prozent vun de Käschten, an da geet dat eeben effektiv bis 1.200 Euro bei méi intelligente Bornen.”

Bei de Residencë wier een an der Basis 1.200 Euro. An dat kann awer bis 1.650 Euro goen, wann déi Born dann och integréiert ass an engem gemeinsame System vu Verdeelung vun der Charge, esou den Direkter vun der Klimaagence.

De Stroum ass zënter dem Ufank vum Joer méi deier ginn, well en net méi esou staark vum Staat subventionéiert gëtt. Lount et sech dann iwwerhaapt, déi Uschafungen do am Moment ze maachen?

De Fenn Faber erkläert, datt een ëmmer een initialen Invest berücksichtege muss. Ugefaange mat de Bornen, wou een zu Lëtzebuerg vu relativ attraktiv Kofinanzementer profitéiere kann, esou de Fenn Faber. Dobäi kënnt natierlech den Auto. Do géing ee beobachten, datt d’Präisser vun den E-Autoen an de Verbrenner ëmmer méi no beienee réckelen. D’Aiden, déi et zu Lëtzebuerg ginn, géinge weider hëllefen, deen Ënnerscheed ze verklengeren.

"Eng intelligent Born mécht ëmmer Sënn"

Hie betount och, datt den Invest an eng Born eng Zort Moderniséierung vum Gebai selwer wier, well et eng Partie intégrante vum Gebai ass. D'Valeur vum Gebai gëtt also gesteigert.

 “Well an Zukunft eeben einfach déi Optimiséierung vun deene verschiddenen Energieapparater, déi mir am Gebai hunn, ëmmer méi wichteg wäert ginn. Insofern mécht eng intelligent Born ëmmer Sënn.”

Sech keng intelligent Born unzeleeë wier awer elo och kee “Feel-Invest”, betount den Direkter vun der Klimaagence. All Fall muss ganz spezifesch gekuckt ginn.

Lauschterenplay_arrow