arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 96 Milliarden Euro Iwwernam vu Warner Brothers: US-Justiz gëtt Paramount gréng Luucht

Entertainment-Branche

|
reading time

1 min

96 Milliarden Euro Iwwernam vu Warner Brothers: US-Justiz gëtt Paramount gréng Luucht

D‘US-Regierung huet d‘Iwwernam vum Hollywood-Konzern Warner Brothers duerch de Konkurrent Paramount ouni Oploen autoriséiert. Den amerikanesche Justizministère huet no enger 8 Méint laanger Iwwerpréiwung erkläert, datt d‘Geschäft de Wettbewerb viraussichtlech net beanträchtege géif.

reading time

1 min

© EPA/ALLISON DINNER
(Foto: EPA/ALLISON DINNER)

Paramount wëll fir d‘Iwwernam ëmgerechent ronn 96 Milliarden Euro bezuelen. Aktuell lafen awer nach Konkurrenziwwerpréiwungen an enger Partie US-Bundesstaaten an och an Europa.