Frësch publizéiert Zuele weisen, datt SpaceX d’lescht Joer bal fënnef Milliarden Dollar Verloscht gemaach huet, bei engem Ëmsaz vu knapp 19 Milliarden Dollar.
Rakéit Starship huet iwwer 15 Milliarde kascht
Am éischten Trimester dëst Joer war de Verloscht bal esou héich wéi den Ëmsaz. Ee Grond fir de Minus sinn déi héich Käschte fir d’Entwécklung vun der grousser Rakéit Starship. An dëse Projet goufen iwwer 15 Milliarden Dollar investéiert.
SpaceX geet dovun aus, datt d’Rakéit an der zweeter Hallschent vun dësem Joer éischt kommerziell Flich maache kann. SpaceX spillt mat senge Rakéite schonn elo eng Schlësselroll fir den US-amerikanesche Raumfaartprogramm. D’Entreprise bitt och de Satellitten-Internetdéngscht Starlink un.
Donieft goufe fir d’Zukunft KI-Rechenzentren am Weltall ugekënnegt.
Musk ass mat 667 Milliarden Dollar de räichste Mënsch op der Welt
Dem Elon Musk gehéiere gutt 85 Prozent vu SpaceX. Och nodeem d’Entreprise op der Bourse ass, wäert den Tech-Milliardär also dat lescht Wuert bei Decisiounen hunn.
De Musk ass och Chef vum Elektroauto-Produzent Tesla. D’Aktie vu béiden Entreprisë sinn d’Basis vu sengem Verméigen, dat hien zum räichste Mënsch op der Welt mécht: dem Finanzservice Bloomberg no, sinn dat de Moment ronn 667 Milliarden Dollar.