Et war déi éischte Kéier, datt den Donald Trump a senger Roll als US-President um traditionelle Pressegala deelgeholl huet. Nieft der Presidentekoppel waren och de Vize-President JD Vance esou wéi sëllege Journalist:innen a weider Staatsvertrieder am Sall.
Géint 01:30 eiser Zäit, kuerz virun der Ried vum US-President, ware Schëss am Sall ze héieren, wéi de britteschen Noriichtesender BBC mellt. Doropshi wier den US-President direkt evakuéiert ginn. Déi iwwert 2.000 Invitéen hunn iwwer eng Stonn am Sall misste waarden, bis och si d’Evenement verloosse konnten.
Donald Trump: "Geféierlechste Beruff vun der Welt"
Beim Täter soll et sech ëm den 31 Joer al Cole Tomas Allen, aus dem Bundesstaat Kalifornien handelen. De Mann ass vum Secret Service festgeholl ginn. Hien soll de Méindeg engem Bundesriichter virgefouert ginn.
En Agent wier beim Schosswiessel vun enger Kugel getraff ma net weider blesséiert ginn, well hien eng schosssécher Vest un hat.
Den Donald Trump huet kuerz drop Videoe vum Gala-Dinner an de Soziale Medie publizéiert, wou ze gesinn ass wéi de presuméierten Täter probéiert lascht d'Sécherheetspersonal ze kommen. Hien soll Reporter dono gesot hunn, datt hien sech kee méi geféierleche Beruff wéi de vum US-President virstelle kann.
An de leschten dräi Joer waren den Donald Trump schonn e puer mol d’Zilscheif vun Attentäter ginn. Op den US-President och d’Zil vun dëser Attack war ass nach net offiziell gekläert.
Gala-Dinner steet fir Pressefräiheet
De White House Correspondents' Dinner gëtt et schonn zënter den 1920er Joren. De Gala steet traditionell fir Pressefräiheet an d’Zesummenaarbecht tëschent Politik a Medien.
Vertrieder vun der Press haten de Gala am Viraus schaarf kritiséier. Dat well den Donald Trump d’Medien ëmmer nees schaarf ugräift a Journalist:innen deels den Zougank zu Pressekonferenzen am Wäissen Haus verweigert.
Traditioun een deen aneren op d’Schëpp ze huelen
Den Donald Trump hat de Gala wärend senger éischter Amtszäit boykottéiert. Viru méi wéi zéng Joer hat den deemolegen US-President Barack Obama sech iwwer dem Donald Trump seng Ambitioune President wëllen ze gi lächerlech gemaach.
Dat nodeems den Donald Trump behaapt hat, datt de Barack Obama net an den USA gebuer wier.
Um White House Correspondents' Dinner ass et Traditioun dat en deen aneren op d’Schëpp hellt. Normalerweis gëtt och extra ee Comedien invitéiert, deen op eng satiresch Aart a Weis d’Politik vum amtéierend US-President kommentéiert. Den Donald Trump hat kee Satiriker dës Joer zougelooss.
Reaktiounen aus Europa
D'EU-Baussepeotraagten Kaja Kallas kritiséiert déi politesch motivéiert Gewalt, a seet dës hätt keng Plaz an enger Demokratie. De brittesche Premier Keir Starmer huet sech schockéiert iwwert d'Dot gewisen an dës condamnéiert.