Bei engem Verkaf dierften dem Donald Trump no, net déi selwecht Persounen d‘Entreprise féiere, wéi bis elo.
De Streamingdéngscht Netlix an de Mediekonzern Paramount kämpfe grad géinteneen ëm de Kaf vu Warner Bros.
Paramount oder Netflix?
Paramount gehéiert enger Trump-frëndlecher Famill a gëtt vu sengem Schwéierpapp Jared Kushner finanziell ënnerstëtzt. De Mediekonzern bitt 108,4 Milliarden Dollar fir ganz Warner Bros. a wëllt domat och d‘Tëleeschaîne matkafen. Netflix bitt iwwerdeems 83 Milliarden Dollar fir d‘Studio- a Streamingdéngschter. Tëleeschaîne sollten an dem Deal eng eegen Entreprise ginn.
Dat gefält dem Donald Trump net. CNN kéint doduerch finanziell gestäerkt ginn.
Hie gesäit och den héijen Maartundeel vun Netflix als ee Problem. Netflix a Warner Bros. sinn iwwerzeegt, den Deal ze finaliséieren.