arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pressefoto 2026: Famill, déi vun US-Immigratiounsautoritéit ICE festgeholl gëtt

World Press Photo

|
reading time

1 min

Pressefoto 2026: Famill, déi vun US-Immigratiounsautoritéit ICE festgeholl gëtt

Eng Foto vun enger Famill, déi vun der US-Immigratiounsautoritéit ICE festgeholl gëtt, ass Pressefoto vum Joer ginn. Déi US-amerikanesch Fotografin Carol Guzy huet domat de renomméierten Concours „World Press Photo“ gewonn.

reading time

1 min

World Press Photo 2026 | © EPA/Carol Guzy, ZUMA Press, iWitness, for Miami Herald
World Press Photo 2026 (Foto: EPA/Carol Guzy, ZUMA Press, iWitness, for Miami Herald )

D‘Foto mam Titel „Separated by ICE“ weist Kanner, déi sech um T-shirt vun hirem Papp festklameren. Et gesäit een Hänn a Verzweiflung. De Papp gesäit een net.

D‘Foto ass an engem Geriicht zu New York opgeholl ginn, a weist d‘Suitte vum deelweis brutale Virgoe vun den ëmstriddenen ICE-Beamte géint Immigranten.