D'Glas wier hallef voll, seet de Premier Luc Frieden no de Verhandlungen. Et wier ee sech an den dräi Haaptdossieren e Stéck méi no koum. Elo géif just nach "e bësse feelen" bis et zu engem Accord kéim.
An och de Vize-Premier Xavier Bettel (DP) huet sech no der Reunioun optimistesch gewisen, datt een am September de soziale Fridden nees géif hiergestallt kréien.
De Finanzminister Gilles Roth krit een och meeschtens iwwerzeegt, sot de Xavier Bettel nach, wouropshin dee Gilles Roth gelaacht huet.
Glas hallef voll oder hallef eidel?
De Patronatsvertrieder Michel Reckinger (UEL) gesäit dogéint d'Glas awer éischter hallef eidel. An den Dossieren Ouvertureszäiten a Sonndesaarbecht gesäit hie kee Progrès.
“D’Saache leien nach genee esou um Dësch wéi virun der Reunioun. Dat heescht, och do hu mir nach näischt erreecht.”
Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles hat am Dezember zejoert e Gesetzesprojet deposéiert fir eng partiell Liberaliséierung vun der Ëffnungszäiten am Commerce. D'Betriber sollen also ënner der Woch vu 5 Auer moies bis 10 Auer owes kënnen ophunn. An de Weekend bis 7 Auer owes.
D'Patronat hat sech deemools scho fir eng komplett Liberaliséierung ausgeschwat, also bis Hallefnuecht an doriwwer eraus.
Meenunge gi wäit auserneen
D'Positioune vun de verschiddene Säite schéngen diametral opposéiert. Et wier awer am Interêt vun hinnen all ee gemeinsamen Accord ze fannen, esou d'Presidentin vum OGBL Nora Back.
Och a Saache Pensiounsreform géifen et nach Schrauwe ginn, un deene misst gedréit ginn. De Romain Wolff vun der CGFP mengt iwwerdeems, datt een sech och am Dossier Pensiounsreform géif eenegen.
An der leschter Gespréichsronn e Mëttwoch hat d'Regierung decidéiert, d'Kollektivvertragsgesetz net ze änneren. D'Gewerkschafte behalen deemno d'Exklusivrecht fir Kollektivverträg ze verhandelen.