Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 61 Mënsche bei Fligerongléck a Brasilie gestuerwen

Ursaach nach net gekläert

61 Mënsche bei Fligerongléck a Brasilie gestuerwen

A Brasilien ass de Freideg den Owend e Passagéierfliger vun der Fluggesellschaft VoePass erofgefall, kee vun den 61 Mënschen u Bord huet d‘Ongléck iwwerlieft.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Allison Sales

D‘Maschinn war ënnerwee op São Paulo, wéi se an engem Wunngebitt an der Stad Vinhedo erofgefall ass. Um Buedem wier awer kee blesséiert ginn, heescht et vun den Autoritéiten.

D‘Ursaach vum Ongléck ass nach net gekläert. Meteorologesch Rapporten deiten op Turbulenzen, Donnerwiederen a Veräisung an der Ëmgéigend hin. D‘Black Box gouf gebuergen, eng Enquête gouf an d‘Weeër geleet. De President Luiz Inácio Lula da Silva huet eng Staatstrauer vun dräi Deeg am Land deklaréiert.