Radioen

On air

Notturno  |  Sheebaba - Chambre Rouge (Noah Vert Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 55,4 Milliounen Euro fir humanitär Hëllef

An 22 Länner

55,4 Milliounen Euro fir humanitär Hëllef

Haut ass den internationalen Dag fir humanitär Hëllef. Der UN no ass de Besoin sou héich wéi nach ni, bis ewell sinn dëst Joer ronn 311 Millioune Mënsche weltwäit op humanitär Hëllef ugewisen – zejoert waren et nach 300 Milliounen. Den Ausseministère deelt an engem Schreiwes mat, datt de Budget fir humanitär Hëllef nach wäert erweidert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Sergey Kohl

D’UN schätzt, datt e Budget vu knapp 44 Milliarden Euro géif gebraucht gi fir de Besoin un humanitärer Hëllef ze decken. Deen wiisst duerch déi vill laangwiereg Konflikter an d’Klimakris ëmmer weider.

Eskalatioun tëscht Gaza an Israel

De Schwéierpunkt vun der Lëtzebuerger Hëllef leit virun allem op Gaza – do huet Lëtzebuerg zënter der Eskalatioun tëscht der Hamas an Israel um 7. Oktober zejoert 3,5 Milliounen Euro un ONGen ginn a fir 2024 eng weider 1,5 Milliounen Euro zougesot. Lëtzebuerg huet dëst Joer awer och d’Satellitenkommunikatiounsplattform “emergency.lu” fir verschidde Missiounen zu Verfügung gestallt. An och den Human-Intervention-Team vum CGDIS war am Asaz, dat zum Beispill an der Karibik nom Hurrikan vun Ufank Juli.

Erënnert un d'Genfer Konventioun

Lëtzebuerg appelléiert awer och un d’Noutwendegkeet, datt dat humanitäert Vëlkerrecht aus der Genfer Konventioun berücksichtegt gëtt. Zënter Oktober lescht Joer sinn eleng a Gaza, schonn iwwer 280 humanitär Acteuren ëm d’Liewe koum – dat iwwertrefft d’Zuele vun de Jore virdru bei Wäitem.

De weltwäiten Dag fir humanitär Hëllef gouf 2008 vun de vereenten Natiounen agefouert fir un den déidlechen Uschlag vun 2003 op den UN-Haaptsëtz am Irak ze erënneren. 

Lauschterenplay_arrow