Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kamala Harris hëlt Nominatioun offiziell un a geet direkt an d'Offensiv

Parteidag vun den Demokraten

Kamala Harris hëlt Nominatioun offiziell un a geet direkt an d'Offensiv

D'Kamala Harris huet d'Nominatioun vun hirer Partei als demokratesch Presidentschaftskandidatin ugeholl. D'Parteibasis huet si hënt um leschte vum véier Deeg laange Parteidag zu Chicago gefeiert.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

Kamala Harris | © picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza

D‘Wal vum November wier déi wichtegst am Liewe vun der Natioun, esou d'Harris. Si huet hire republikanesche Géigner Donald Trump ugegraff, mat him a sengem stramm konservative Programm géifen d'USA zeréckgeheit ginn. 

An hirer Ried sot d'Harris, datt si wéilt fir eng Ekonomie suergen, an där jiddweree kéint reusséieren, an datt si den amerikaneschen Immigratiounssystem wéilt reforméieren.

Aussepolitesch wéilten d'USA weiderhin determinéiert un der Säit vun der Ukrain stoen. Si wéilt eng Wafferou fir d'Gazasträif an huet de Palästinenser och Selbstbestëmmung versprach. Am Géigendeel zum Donald Trump géif si keng Frëndschaft mat Diktatore schléissen, esou d'Harris. 

Live vun der Plaz huet sech eise Korrespondent Philip Crowther gemellt.

Lauschterenplay_arrow