Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lénks-gréng Kandidatin Castets fir Premierposte versprécht "radikal Changementer"

Entrevue

Lénks-gréng Kandidatin Castets fir Premierposte versprécht "radikal Changementer"

A Frankräich kënnt de President Emmanuel Macron haut mat de Parteispëtze vun der Lénksallianz Nouveau Front Populaire, der Droite a sengem eegene Bloc zesummen. An den nächsten Deeg soll nämlech d’Regierungsformatioun lancéiert ginn. Besonnesch d'Lénksallianz mellt hei grouss Uspréch un. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Max Tholl (Paräis)

Um 10.30 Auer wäert den Emmanuel Macron mat de Vertrieder:innen vum Nouveau Front Populaire zesummekommen, dorënner och d'Lucie Castets, déi lénks-gréng Kandidatin fir de Poste vum Premier. Am Virfeld vun de Gespréicher huet sech d'Lénksallianz an engem oppene Bréif zu Wuert gemellt an d'Ofwaarde vum Macron no de Walen Ufank Juli schlëmm a schiedlech genannt.

Den Nouveau Front Populaire seet, et wier ee prett fir eng Regierung ze forméieren an datt an enger parlamentarescher Demokratie de Regierungsoptrag un de Walgewënner sollt goen, an dësem Fall also u si. D'Lucie Castets war gëschter zu Tours bei den Ekologisten a sot, eng Regierung ënner hir géing e radikale Changement mat sech bréngen. 

Och Gespréicher mat de Rietsextreemen

Der Lucie Castets no wier eng Regierung vum Nouveau Front Populaire duerchaus capabel Accorden ze fannen. Dorunner zweiwelt een awer am Elysée. An engem Communiqué vun dësem heescht et, et bréicht elo eng stabil Regierung, déi net direkt duerch e Mësstrauensvott un d'Wackele kënnt. De Macron wëllt jo eng grouss Koalitioun ouni dee rietsen a lénke Bord.

No de Gespréicher mat der Lénksallianz trëfft sech de Macron am Nomëtteg och mat de Konservativen a sengem eegene Lager. E Méindeg dann nach mat de Rietsextreemen. Kuerz no dëse Gespréicher soll dann en neie Premier genannt ginn, warscheinlech schonn en Dënschdeg.

Lauschterenplay_arrow