Déi fënnef Kommissioune sinn déi fir Landwirtschaft, Logement, Ëmwelt, Educatioun a Medien. Dat wier eng éischt Mesure en vue vun der Reform, déi den neie Chamberpresident Claude Wiseler annoncéiert hat, fir d‘Chamber méi attraktiv a méi transparent ze maachen.
An der Conférence des Présidents wier ee sech eens gewiescht iwwert d’Noutwendegkeet vu méi enger grousser Transparenz an Accessibiliéit vum Parlament, sou de Claude Wiseler. An enger Testphas ginn also elo mol d’Sëtzunge vu fënnef Chamberkommissioune live iwwerdroen. Déi Testphas soll Enn 2024 ofgeschloss ginn an dono géif een dann decdiéierten, ob méiglecherweis all d'Kommissiounssëtzungen - mat e puer Ausnamen - ëffentlech kënnen iwwerdroe ginn.
"... déi aner sollten awer am Prinzip - dat ass d’Zilsetzung - alleguer opgemaach ginn.”
Claude Wiseler: D'Chamber muss méi transparent ginn
D’Deputéiert misste sech u Changementer gewinnen, seet hire President, dee Leitlinne fir d’Kommissiounspresidente wëll ausschaffe loossen.
"All Schrëtt ass ëmmer eng Ëmstellung, an och d’Chamber muss Schrëtter goen, op Modernitéit an Transparenz hin.”
D’Chamber géif doru gewannen, an hie wier zefridden doriwwer, all d’Fraktioune mat op dee Wee kritt ze hunn, huet de Claude Wiseler nach betount.