Bis 2030 wëllt een d’Flächen, déi no de Reegele vun der biologescher Landwirtschaft exploitéiert ginn, pro Joer ëm ee Prozent erhéijen, fir dann op 15 Prozent vun de ganze landwirtschaftleche Fläche ze kommen.
Dat wier e kloert an e realistescht Zil, esou d’Martine Hansen um Méindegmoie bei der Presentatioun vum neie PAN fir Biolandwirtschaft.
95 méi Biobetriber wéi nach 2020
Domat wéilt een déi konventionell Baueren ënnerstëtze fir op Bio ëmzeklammen, wann och nëmmen zum Deel, esou nach d’Martine Hansen.
"Esou kéint zum Beispill ee Mëllechvéibetrib einfach mat Pouleten ufänken, déi een am Bio mécht. Dat wier ee Wee fir eeben u sech och nach méi Bioprodukter hei op Lëtzebuerg ze kréien. 2025 hate mir 253 Betriber am Bio. Dat waren der 95 méi wéi 2020."
Eng nei App a Weiderbildungs-Programmer
Den Ament sinn 58 Betriber an der Deelëmstellung. Dat wieren der 46 méi am Verglach mat 2020.
"Dat heescht, do gesäit een, datt d'Deelëmstellung u sech elo eréischt an deene leschte Jore méi gegraff oder och villäicht méi promouvéiert ginn ass."
Ee Schwéierpunkt vum neien Aktiounsplang wäert d'Wäertschëpfungskette sinn, esou d'Martine Hansen.
"Et geet net duer, nëmmen nei Produkter ze produzéieren, zum Deel musse se weiderveraarbecht ginn, sou wéi de Konsument se gären hätt an natierlech och d'Vermaartung hannendru muss klappen."
Den nationale Bio-Aktiounsplang gesäit elo 18 Moossnamen a keng 30 méi vir. Deels sinn et nei Moossnamen, deels solle scho-bestoend Mesuren analyséiert oder erweidert ginn. Zum Beispill soll den Undeel u Bio-Produite bei Restopolis bis 2030 op 30 Prozent klammen.
Den Aktiounsplang vu bis elo war ëmmer nees an der Kritik. Ëmweltverbänn hunn och an der Lescht ënner anerem bedauert, datt d’Zil vun 20 Prozent Bio-Landwirtschaftsfläch bis 2030 net kéint erreecht ginn, well ee Stand 2025 réischt bei der Hallschent dovun ukomm wier.