search

/ 400 Poliziste kéinte méi an der Pai kréien

Ëffentlechen Déngscht

|
reading time

1 min

400 Poliziste kéinte méi an der Pai kréien

400 Poliziste kéinte méi an der Pai kréien. Dat huet d‘Lëtzebuerger Wort gëschter Mëtteg gemellt. Déi Polizisten, déi virun der Policereform vun 2018 schonn e Secondairesofschloss haten, sollen nämlech an d‘Stuf B1 kënnen agegliddert ginn.

reading time

1 min

Doriwwer wieren d‘Policegewerkschaft an de Policeminister Léon Gloden sech de 4. Abrëll eens ginn, esou d‘Wort. Dem Staat kéint dat ronn 40 Milliounen Euro kaschten, esou d‘Zeitung. Et feelt dozou awer nach den Accord vum Minister fir den ëffentlechen Déngscht, dem Serge Wilmes.