Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dron aus dem Libanon a Richtung Haus vum Netanjahu gouf interceptéiert

Noen Osten

Dron aus dem Libanon a Richtung Haus vum Netanjahu gouf interceptéiert

Bei enger israeelescher Attack op den Norde vun der Gazasträif sollen 30 Leit ëm d‘Liewe komm sinn. Ënnert hinne wieren 20 Fraen a Kanner, mellen déi palästinensesch Autoritéiten. Méi ewéi 50 Leit wiere bei der Attack op d‘Stad Dschbailia blesséiert ginn. Iwwerdeems gouf eng Dron aus dem Libanon, déi a Richtung vum Haus vum Benjamin Netanjahu geflunn ass, interceptéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Archivfoto: picture alliance / Photoshot

Déi Informatioune kënnen net vun onofhängeger Säit iwwerpréift ginn. Déi israeelesch Arméi huet d‘Informatiounen net kommentéiert.

Israel mellt huet de Moien och gemellt, datt eng Dron, déi aus dem Libanon koum, a Richtung vum Haus vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu ofgeschoss gouf. Weder den Netanjahu, nach seng Fra wieren awer deen Ament an dem Haus gewiescht.