Méindes, de 4. September 1995, ass Europa souzesoen “on air” gaangen. “Europe by satellite” gouf lancéiert. Haut heescht de Service “European Broadcasting Service”, iwwer deen an de leschten 30 Joer méi wéi 14.000 Pressekonferenzen iwwerdroe goufen.
Dozou gehéiert de “Midday Briefing”, d’Pressekonferenz vun der Europäescher Kommissioun, déi normalerweis all Dag vu méindes bis freides um 12 Auer mëttes ass.
EBS iwwerdréit alles, wat fir EU-Institutioune wichteg ass
E Must fir Journalisten zu Bréissel: Et muss een net op der Plaz sinn, also am Pressesall am Berlaymont, dem Sëtz vun der Kommissioun. Zënter der Pandemie kann all akkreditéierten EU-Journalist och online Froe stellen.
Wien de “Midday” verpasst, ka spéider op EBS nokucken, wat Wichteges gesot gouf.
“Ich nutze ebs seit 2013 fast täglich”, seet d’Claudia Knoppke vum däitsche Radios-Reseau Euranet Plus. Déi däitsch Journalistin bericht zënter 13 Joer vu Bielefeld aus iwwer EU-Sujeten.
De Service wier virun allem nëtzlech, fir Commentairen vun EU-Vertrieder:innen zu aktuelle Sujeten ze kréien. Déi kann ee sech nämlech als Audio eroflueden a fir seng Reportage benotzen.
EBS ass och eng PR-Agence fir d'EU
Mee och déi, déi zu Bréissel stationéiert sinn, sinn op den European Broadcasting Service ugewisen. Deen Online-Service hëlleft enorm, seet den Andreas Liljeheden vum schweedesche Radio, deen zënter 17 Joer an der belscher Haaptstad als Journalist schafft.
"Zum Beispill, wann een zu Bréissel ass, an et ass eng Pressekonferenz zu Stroossbuerg oder zu Lëtzebuerg. Well ech couvréieren alles, wat an der EU geschitt, an ech kann awer net gläichzäiteg iwwerall sinn."
Ouni EBS géif ee vill verpassen, seet och den Artjoms Konohovs vum letteschen ëffentlech rechtleche Radio.
"Et ass zimmlech fantastesch, datt all d’EU-Institutiounen ofgedeckt ginn, ob Kommissioun, Parlament oder Conseil, an och déi manner wichteg. Dat ass am Fong erstaunlech."
Allerdéngs misst een och oppassen, wéi een dee Service notzt, esou de lettesche Journalist.
"De Service gëtt offréiert fir d’Aarbecht vun den Institutiounen ze promovéieren. En ass also net onofhängeg oder iergendwéi objektiv. Et ass kee Journalismus. Et sinn d’Positioune vun deenen, déi un der Muecht sinn."
Tendenz, ouni Froen auszekommen
Esou laang Journalisten a Journalistinnen am Sall sinn, déi kritesch Froe stellen, geet et. Mee déi si guer net ëmmer zougelooss.
Och dat gëtt et an der EU. Dorop mécht den Andreas Liljeheden opmierksam.
"An der Lescht gëtt eng Tendenz, keng Pressekonferenz, mee just een enregistréierte Statement, zum Beispill vun der Kommissiounscheffin."
Oder et sinn, wéi viru Kuerzem op enger Pressekonferenz a Schweden, just Froen zougelooss, déi virdru schrëftlech eragereecht goufen.
Dogéint misst ee sech wieren, esou den EU-Korrespondent. Wéi déi schweedesch Noriichtenagence TT, déi aus Protest op eng Fro verzicht huet.
"Ech si frou, datt si dat gemaach hunn. Wien eng Pressekonferenz mécht, sollt och Froen akzeptéieren. Esou funktionéiert dat an enger Demokratie.
EBS ass a bleift deemno een nëtzleche Service, mee et muss een och wëssen, wéi een domat ëmgeet. Do ass ee sech eens ënner EU-Korrespondenten a Korrespondentinnen.