arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU: Méigleche Bäitrëtt vun der Ukrain a Moldau soll virugedriwwe ginn

Europäesch Unioun

|
reading time

1 min

EU: Méigleche Bäitrëtt vun der Ukrain a Moldau soll virugedriwwe ginn

D‘Europäesch Unioun wëll d‘Bäitrëttsverhandlunge vun der Ukrain a Moldau virundreiwen. E Méinde sollen d‘Gespréicher dofir lancéiert ginn. Dorop si sech d‘Vertrieder vun de 27 Memberstaaten gëschter zu Bréissel eens ginn.

reading time

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Wéi déi zypriotesch Presidence matgedeelt huet, wieren déi néideg Preparatiounen dofir ofgeschloss, nodeems déi ungaresch Blockad eriwwer wier an all d‘Memberstaaten ee gemeinsame Standpunkt hätten.

De Bäitrëttsprozess vun den zwou fréiere Sowjetrepublicke gouf joerzéngtelaang vum entretemps ofgewielten ungaresche Regierungschef Viktor Orbán gebremst.

Ukrain a Moldau sinn zefridden

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet iwwer Telegram der EU Merci gesot an och dem Nopeschland Moldau gratuléiert. 

Déi moldawesch Presidentin Maia Sandu huet nach betount, datt hiert Land déi noutwenneg Aarbecht geleescht hätt a weider Reformen elo ëmsetze wäert.