arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Komplexst Asylreform an der Geschicht": Net jidderee prett fir den EU-Migratiounspak

EU-Asyl- a Migratiounspak

|
reading time

6 min

"Komplexst Asylreform an der Geschicht": Net jidderee prett fir den EU-Migratiounspak

Lëtzebuerg huet esou just nach zur Zäit déi néideg national Gesetzer gestëmmt fir d'Asylreform, déi haut a Kraaft trëtt. Anerer sinn nach net esou wäit.

reading time

6 min

© European Union
(Foto: European Union)

Dräi Deeg éier den europäeschen Asyl- a Migratiounspak a Kraaft trëtt goufen an der Chamber d'Gesetzer fir d'Ëmsetze gestëmmt. Den 12. Juni trëtt dee Pak an der ganzer EU offiziell voll a Kraaft. 

Den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Magnus Brunner, huet ufanks Juni vun der “komplexster Asylreform an der Geschicht” geschwat. Iwwer déi komplex Reform gouf an der EU jorelaang diskutéiert a gestridden.

Decidéiert gouf se schliisslech am Fréijoer 2024, fir elo, zwee Joer duerno, a Kraaft ze trieden.

Wat ännert sech konkreet fir Leit, déi an d’EU flüchten?

D’Reform ass eng Äntwert op déi sougenannte Migratiounskris vun 2015, wéi vill Leit an der EU ukoumen a wéi sech däitlech erausgestallt huet, datt den europäesche System net funktionéiert.

Dee ganze Pak ëmfaasst am Ganzen eng zéng verschidden EU-Reglementer oder Direktiven, déi esouwuel den Accueil, den Enregistrement, d’Asylprozeduren, d’Retouren an d’Verdeele vu Migranten an der EU reegelen.

Konkreet ännert sech zum Beispill, datt op de Grenze vun der EU een obligatoresche Screening vun där Persoun gemaach gëtt, déi areese wëllt - an datt do direkt déi biometresch Donnéeën an der Eurodac-Datebank gespäichert an dann och mat anere Länner ofgeglach ginn. Ganz zentral fir deen neie System sinn déi sougenannte Grenzprozeduren, dat heescht, datt nach op der Grenz decidéiert gëtt, wéi et virugeet.

Wat ass ënner enger Grenzprozedur ze verstoen?

De Prinzip vun der sougenannter Dublin-Direktiv, datt dat EU-Land zoustänneg ass, wou ee potentiellen Demandeur d’Asyl als éischt ukënnt, bleift bestoen. E geet awer méi wäit: Direkt op der Grenz sollen nämlech Schnell-Prozeduren duerchgeféiert ginn.

Betraff dovun si Leit aus Länner, bei deene bis elo just 20 Prozent vun den Asyldemanden unerkannt goufen, oder Leit aus sougenannte sécheren Drëtt-Staaten. Déi Leit ginn op der Grenz an engem Centre festgehalen, oder besser gesot agespaart. Si solle spéitstens bannent zwou Wochen eng Äntwert op hir Demande kréien a bannent 12 Wochen an hiert Heemechtsland zeréckgeschéckt ginn, wann d’Demande refuséiert gouf.

Et soll also alles méi séier goen, an et soll virun allem dofir gesuergt ginn, datt nach manner Leit an d’EU iwwerhaapt erakommen.

Et gëtt vun engem solidaresche System geschwat. Wéi soll déi Solidaritéit funktionéieren?

Deel vum System ass ee Mechanismus, deen dofir suerge soll, datt d’Flüchtlingen an der EU besser verdeelt ginn. Länner wéi Italien, Griichenland oder Spuenie kéinte vun engem Solidaritéits-Pool profitéieren. Länner wéi Lëtzebuerg, wou am Verglach net vill Leit ukommen, misste sech verflichten, entweder Leit aus deene Länner opzehuelen oder awer Suen ze bezuelen.

Dat Ganzt ass allerdéngs bis elo Theorie. D’Europäesch Kommissioun huet ufanks Mee an engem Rapport gesot, si wier nach amgaange mat de Memberlänner doriwwer ze echangéieren.

Lëtzebuerg huet sech do iwwregens engagéiert ronn eng Millioun Euro ze bezuelen an dëst Joer 15 Flüchtlingen opzehuelen. Dat hat den Inneminister Léon Gloden géintiwwer dem Radio 100,7 preziséiert. 

Allerdéngs ka Lëtzebuerg do och nach verhandelen, zum Beispill mat Italien, well am Grand Duché Demandeur-d'asille sinn, fir déi eigentlech Italien zoustänneg ass. Dat gëllt och fir aner Länner. Et ass bis elo guer net sécher, wéi vill Leit effektiv ëmverdeelt ginn a wéi gutt dee Solidaritéitsmechanismus um Enn funktionéiere wäert.

Mécht all EU-Land mat beim Migratiounspak?

Dovun ass net auszegoen. Ungarn hat sech vu vireran ausgeklickt an et ass domat ze rechnen, datt dat och ënner der neier Regierung esou bleift. Polen huet och annoncéiert, datt et net dobäi wier.

Am Fong ass dat net wierklech méiglech, well de Pak jo majoritär decidéiert gouf an deemno an der ganzer EU ëmgesat misst ginn. Et ass dovun auszegoen, datt d’Europäesch Kommissioun hei - genee ewéi bei de rezente Grenzkontrollen - een A zoudréckt an net kategoresch duerchgräife wäert.

Ass d’EU, sinn d’Länner prett, fir dee Pak ëmzesetzen?

D'Äntwert ass kloer Nee. An hirem Rapport vun ufanks Mee probéiert d'Kommissioun zwar ee positiivt Bild ze zeechnen. 

Si schwätzt vun engem considerabele Fortschrëtt vun de Memberlänner. Wann een allerdéngs dee Rapport méi genee liest, gëtt ee gewuer, datt just fënnef EU-Länner vun deene 27 bis elo déi néideg Gesetzer op de Wee bruecht hunn. Si hunn also dat gemaach, wat Lëtzebuerg dës Woch gemaach huet.

An deene meeschte Länner sinn déi Gesetzer eréischt um Instanzewee. Virun allem awer gëtt et nach Defiziter beim Eurodac, dem gemeinsame System fir biometresch Donnéeën ze vergläichen.

Do si just 11 Länner prett, eng 16, dorënner Lëtzebuerg, haten uginn, nach Problemer ze hunn. Den EU-Kommissär Magnus Brunner schwätzt dofir mëttlerweil och éischter dovun, datt den 12. Juni ee "Point de départ" ass an net eng "Ligne d’arrivée".

Et gëtt massiv Kritik vun ONGen un deem Asylpak - och zu Lëtzebuerg -
Wourop bezitt sech déi Kritik an der Haaptsaach?

Déi Kritik riicht sech an der Haaptsaach dorop, datt Grondrechter vu Migranten a Migrantinnen net respektéiert ginn, datt beim neie System dat individuellt Recht op Asyl net méi garantéiert ass.

Et soll zwar weiderhin all Fall eenzel iwwerpréift ginn, mee bei deene Schnell-Verfaren, wou sech jo op allgemeng Zuele wat déi bestëmmten Heemechtslänner betrëfft, beruff gëtt, kann ee sech virstellen, datt net vill Zäit bleift, fir een eenzele Fall ze iwwerpréiwen.

Op vill Kritik stéisst och, datt Mineuren elo dierfen a Centrë festgehalen - also de facto agespaart ginn - dat gëllt och fir Lëtzebuerg. 

Am Lëtzebuerger Gesetz wier déi Filtrage-Prozedur net kloer genuch definéiert, dorop weist d'Mënscherechtskommissioun an hirem Avis hin. Et wier kloer, wéini ee kann an enger zouener Struktur festgehale ginn. 

Den CCDH kritiséiert ausserdeem, datt prinzipiell dierfe Mineuren och hei am Land agespaart ginn. Do hätt Lëtzebuerg kenne manner wäit goe wéi d’EU-Direktiv, déi soll ëmgesat ginn, seet d’Mënscherechtskommissioun.

Lëtzebuerg huet sech laang vehement dogéint gewiert, datt dat dierf gemaach ginn, mee déi aktuell Regierung huet do bekanntlech eng aner Positioun par rapport zur Asylpolitik, wéi dat an de Jore virdrun de Fall war.

Lauschtert hei d'Erklärunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber