Dat ass dee niddregste Stand zënter Joren. Am Joer 2023 goufen an der selwechter Period dräimol esou vill illegal Areesen an d'EU.
D'Haaptroute wier weiderhin d'Mëttelmier. Der Internationaler Organisatioun fir Migratioun no sinn dëst Joer schonn iwwer 1.200 Mënschen am Mëttelmier, beim Versuch an d'EU ze kommen, ëm d'Liewe komm.