arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth iwwer EU-Supervisioun: “ Mir sinn an deem Kampf ee gutt Stéck viru komm”

EU-FINANZMÄERT

|
reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Gilles Roth iwwer EU-Supervisioun: “ Mir sinn an deem Kampf ee gutt Stéck viru komm”

En neien Debat ënner de Finanzministeren aus der EU iwwer eng nei Organisatioun vun de Finanz-Marchéen huet gewisen, datt d’Positioune weider ausernee leien. Lëtzebuerg ass mat senger Oppositioun géint eng zentral Supervisioun zimmlech isoléiert. De Finanzminister gesäit awer Fortschrëtter.

reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow
Gilles Roth (CSV)  | © © SIP / Sophie Margue
Gilles Roth (CSV) (Foto: © SIP / Sophie Margue)

Den Echange vun de Ministeren, deen ëffentlech war, huet nach eng Kéier gewisen, datt d’Länner nach net op engem Nenner sinn.

Eng zentral Supervisioun ass net d’Léisung, huet do de Gilles Roth op en Neits kloer gestallt. Seng Interventioun war déi kriteschst vun de 24 Finanzministeren déi d’Wuert ergraff hunn. Isoléiert fillt hie sech net.

Fir Lëtzebuerg, geet et drëms, dee scho vill zitéierte “Lëtzebuerger Bifdeck” ze verteidegen, betount den CSV-Minister am 100,7-Interview.

“Ech mengen dofir ass et normal, datt ee Lëtzebuerger Finanzminister an esou engem Dossier, wéi mer dat op gutt lëtzebuergesch soen, méi an d'Eise muss goen, wéi dat vläicht an aneren de Fall ass.”

Wéi eens si sech d’E6?

Mam Argument, datt eng europäesch Kontroll fir manner Fragmentatioun um Maart a méi Effikassitéit suergt, ass Lëtzebuerg nach ëmmer net d’accord. 

“Mir sinn der Meenung, datt wann ee Kompetenz, Expertise vun enger nationaler Autoritéit ewechhëlt, fir déi bei eng ESMA, déi à ce stade net dofir gewappnet ass, transferéiert, dat kascht et net nëmme méi, mee et bréngt och manner Kompetitivitéit zum Detriment vun der ganzen Europäescher Unioun.”

Zentral Fro am Debat ass déi, wéi vill Pouvoir déi europäesch Autoritéit fir d’Finanzmarchéen, d’ESMA, mat Sëtz zu Paräis kréie soll. Datt dee Pouvoir ausgebaut gëtt, dat steet mëttlerweil fest.

Frankräich setzt sech ferme dofir an a kann a sengem Kampf op déi sougenannten E6-Länner mat virop Däitschland zielen.

Den Debat um Kierchbierg hätt awer gewisen, datt sech déi sechs guer net iwwerall eens sinn, fënnt de Gilles Roth.

“Dat ass och haut ugeklongen, wann en notamment den italieenesche Finanzminister héieren hutt, datt do awer déi net aus deem selwechten Noutebuch sange mat enger Stëmm, wéi een dat villäicht vermeintlech mengt.”

Diskussioun iwwert Critèrë fir eng EU-Supervisioun

Gestridde gëtt ënner anerem drëm, wéi eng Acteuren ënner déi europäesch aplaz national Kontrolle fale géifen. Ee Critère kéint eng grenziwwerschreidend Aktivitéit sinn.

Och dee stéisst beim Gilles Roth op Kritik. Datt ee Finanz-Service seng Déngschter iwwer d’Grenzen eraus ubitt, läit fir de Finanzminister “an der Natur vun der Saach” a kéint dowéinst kee “Krittär fir eng zentraliséiert Iwwerwaachung sinn”.

Wat d’Gréisst vun der Entreprise ugeet, misst een och oppassen. Kleng oder mëttelgrouss Entitéite géifen an enger CSSF een “extreem gudde Partner” fannen a sech mat enger europäescher Autoritéit éischter schwéier doen.

Och een neien Exekutiv-Conseil vun der Paräisser Agence ass ëmstridden.

Lëtzebuerg setzt sech dofir an, datt déi national Autoritéit d’CSSF och an Zukunft méiglechst vill mat schwätzen dierf.

Gilles Roth: Déi strikt Approche ass plazeweis “diluéiert”

Verluer ass de Kampf net, seet de Gilles Roth. A verschiddene Beräicher wier déi “strikt Approche” schonn “diluéiert”.

“Mir sinn an deem Kampf, wann een dat an där martialescher Sprooch däerf e bëssen ausdrécken, mengen ech am Interessi vun der Saach schonns e gutt Stéck virukomm.”

Diskussioun gëtt Chefsaach

Et schéngt awer, wéi wann den Detail awer nach laang net ausdiskutéiert ass a wéi wann dat Ganzt kéint zur Chefsaach ginn. Zum Beispill um EU-Sommet déi nächst Woch.

“Ech hunn haut mäi Soll erfëllt als Lëtzebuerger Finanzminister. Dat ass och eng Positioun, déi well et e wichtegen Dossier ass mat dem Premier an domat och mat der Regierung ofgeschwat ass.”

D’E6 hate sech dofir ausgeschwat, datt bis Enn Juni een Accord fonnt gëtt. 

Deen Delai ass elo vum Dësch. Haut war déi lescht Reunioun vun de 27 EU-Finanzminister ënnert zypriotescher Presidence. Am Juli iwwerhëlt Irland an et wäert elo dovun ofhänken, wéi dann den Dossier virun ugepaakt gëtt.

play_arrow Lauschteren