Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Drife - That Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Deputéiert fuerderen d’Applikatioun vun EU-Reegele fir X, Meta a Co.

EEN DAG NO DER INAUGURATIOUN VUM DONALD TRUMP

EU-Deputéiert fuerderen d’Applikatioun vun EU-Reegele fir X, Meta a Co.

D'Europäesch Kommissioun muss méi séier handelen an dofir suergen, datt den “Digital Services Act” ëmgesat gëtt, sou d’Opfuerderung vun enger ganzer Partie EU-Deputéiert. Haut um Dënschdeg steet déi zoustänneg EU-Kommissärin den Europadeputéiert Ried an Äntwert.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Social Media | © picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa

Den Drock op déi Europäesch Kommissioun wiisst. Eng éischt Reaktioun gouf et leschte Freideg. D’Enquête géint dem Elon Musk seng Plattform X géif erweidert ginn. De Konzern wier opgefuerdert ginn, Bréissel Zougank zu internen Dokumenter an Algorithmen ze ginn, genee wéi Donnéeën anzefréieren an ze halen, huet et an engem Pressecommuniqué geheescht.

EU-Enquête dauert ze laang, soen Europadeputéiert

Déi Enquête leeft ëmmerhi schonn zënter zwee Joer, ouni datt bis elo Conclusioune gezu goufen. Do gëtt et Kritik am Europaparlament. D’Kommissioun wier ze lues an dësem Fall, seet zum Beispill den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel.

"D'Kommissioun zéckt, wéi se oft zéckt, well se fäert, juristesch net bis op de leschten Dibbelche standfest ze sinn. Mee hei geet et och drëm, e Statement ze maachen, drëm Stäerkt ze weisen an ze soen: Neen, dat do geet net. Ech mengen, dat ass wichteg."

Schaarft Schwäert oder Pabeiertiger ouni Zänn?

De Marc Angel huet genee ewéi d’Tilly Metz a vill aner Europadeputéiert eng sëlleg schrëftlech Demanden un d’Kommissioun gestallt, doriwwer wéi si da gedenkt, dat europäescht Gesetz, den “Digital Services Act”, konkret ze applizéieren. D'Tilly Metz erkläert de Problem.

"D'Kommissioun ass schonn amgaang 60 Investigatiounen ze maachen, par rapport zu TikTok, par rapport zu Meta an esou weider. Mee wann dat esou laang dauert, dann ass et wierklech schonn e Problem, datt et awer e bëssen e Pabeierstiger ouni Zänn ass."

D’Kommissioun awer gëtt net midd ze betounen, datt déi Enquêten Zäit brauchen, ebe wëll se juristesch zolidd musse sinn, fir de Géigenattacke vun den Affekote vun X a Co. Stand ze halen.

“Attack géint europäesch Demokratie ofwieren”

Eigentlech wier de Gesetzespak vun der EU ee schaarft Schwäert. Dat seet den David Mc Allister, Europadeputéierte vun der CDU a President vun der Aussepolitescher Kommissioun. An zwar net fir dem Elon Musk ze verbidden, seng Meenung ze soen. Dat nämlech wier duerchaus erlaabt. Allerdéngs:

“Elon Musk darf die Plattform X nicht mit Algorithmen betreiben, die in der Lage sind Hass und Hetze zu verstäerken oder Lügen zu verbreiten. Das ist nach europäischem Recht nicht zulässig. Hier muss Europa sich verteidigen.”

Wat den däitsche Walkampf ugeet, wier et elo éischter ze spéit, den Elon Musk an d’Schranken ze verweisen, stellt den DP-Europadeputéierte Charles Goerens fest. Och hie fuerdert awer een decisiivt a kohärent Ëmsetze vum EU-Gesetz.

Et géing drëm goen, eng Attack op déi europäesch Demokratie ofzewieren, ënnersträicht de Marc Angel. 

"Wa mir lo schwaach sinn, da pliiéiere mir eis an dat däerfe mir net. Et ass elo ee ganz kruziale Moment."

Den Deputéierte geet et och drëm, deenen, déi sech deem Gesetz widdersetzen, kloer ze maachen, datt hinnen domat ee risege Marché an Europa entgoe kéint.

Froen iwwer d’Enquête bleiwen op

D’Fro, déi sech net nëmmen EU-Deputéiert stellen, ass déi: Léisst d’Kommissioun déi Enquête schleefen, zum Beispill fir sech net vun Ufank u mat där neier amerikanescher Administratioun unzeleeën?

D’Kommissioun huet dëser Deeg vill Froe vu Journalisten an déi Richtung ofgewiert. Firwat allerdéngs eréischt elo intern Donnéeën iwwer Algorithme vun X gefrot goufen, wou een dach scho virdrun am gaange war, genee doriwwer ze enquêtéieren, konnten d’Spriecher dee leschte Freideg net genee erklären.

Lauschterenplay_arrow