arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TikTok riskéiert Strof vun EU-Kommissioun

Schutz vu Mannerjäregen

|
reading time

1 min

TikTok riskéiert Strof vun EU-Kommissioun

D'Plattform TikTok riskéiert eng Strof vun der Europäescher Unioun. No enger virleefeger Enquête kënnt d'EU-Kommissioun zum Schluss, datt d'Plattform Kanner a Jugendlecher net genuch schützt.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka )

Bréissel kritiséiert ënner anerem, datt friem Persounen ëffentlech Profiller vu Mannerjärege kënnen ukucken an esou och Kontakt mat hinnen ophuele kënnen.

Fuerderunge fir méi Privatsphär

D'EU-Kommissioun fuerdert, datt Inhalter vu Mannerjärege standardméisseg nëmme fir autoriséiert Kontakter siichtbar sinn

Ausserdeem sollen dës Inhalter net méi automatesch un aner Notzer recommandéiert ginn.

Sollt TikTok seng Praktiken net upassen an d'Virwërf confirméiert ginn, kéint der Plattform eng héich Geldstrof droen.