Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Toledo - When He Comes Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 2023 goufen iwwer 223.000 Pensiounen ausbezuelt

Fir am Ganze 6,39 Milliarden Euro

2023 goufen iwwer 223.000 Pensiounen ausbezuelt

D‘lescht Joer sinn 223.834 Pensiounen ausbezuelt ginn, fir e Montant vun am Ganze 6,39 Milliarden Euro. An de leschte 5 Joer ass déi Zuel ëm iwwer 15 Prozent geklommen. Dat geet aus dem Joresrapport vun der Pensiounskeess ervir.

auto_stories

1 min

Pensioun | © Bigstock
Foto: Bigstock

Méi wéi d‘Hallschent vun de Pensioune ginn an d‘Ausland bezuelt, an 116 verschidde Länner. De Betrag, deen an d‘Ausland geet, mécht awer just een Drëttel vum ganze Montant aus. 

D‘Rentereserv ass d‘lescht Joer ëm 2,85 Milliarden Euro geklommen a louch Enn Dezember bei bal 27,4 Milliarden. Dee Chiffer entsprécht 4,25 Mol de Montant vun de Prestatiounen an engem Joer. Et wier den niddregsten Niveau zënter 2013, sou de President vun der Pensiounskeess Alain Reuter am Rapport.

Bei der CNAP schaffen am Moment 234 Persounen.