Radioen

On air

9 bis 1  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 20 Prozent manner Ertrag vu Wäin

Wäilies op der Musel

20 Prozent manner Ertrag vu Wäin

Eng Partie Wënzer op der Musel liese wuel nach verschidde Spezialitéiten, mee déi eigentlech Wäilies ass eriwwer. “De Bilan ass net esou verkéiert” seet de Paul Thill vum Institut Viti-vinicole. Bis an de Juni eran hat et nach ganz gutt fir de Joergang 2023 ausgesinn.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

Da koum am August awer vill Reen. “An dat fiicht waarmt Wierder bis an de September eran, huet gemaach, datt d’Drauwen elo net immens gesond waren.”, bedauert den Expert. Et wier e ganz selektiven Hierscht gewiescht, an et louch eng responsabel Aarbecht op Liesleit. Déi Drauwen, déi gefault waren, hunn op der Platz missen aussortéiert ginn. De Kellermeeschter ass einfach op gutt Drauwen ugewisen, fir gudde Wäin ze maachen.

Fäulnis gouf et wuel schonn ëmmer, den Ausmooss vun dësem Joer wier awer éischter seelen, seet de Paul Thill. Elo ass et dann un de Kellermeeschter d’Gärung am A ze behalen – si mussen dann decidéieren, wat se mam Wäi wëlle maachen.

Selwecht Qualitéit bei manner Quantitéit

Am Normalfall gëtt et op der Musel en Ertrag vun 100.000 Hektoliter – dëst Joer sinn et 20 % manner, nämlech eng 80.000 Hektoliter. De Wäin ass awer net manner gutt,  verséchert de Paul Thill.

Wéi dat sech op de Präis auswierkt bleift ofzewaarden. Et ass awer kloer, datt de Wënzer seng Käschte gedeckt muss kréien, egal wei vill Ertrag et gëtt.

Lauschterenplay_arrow