Déi Informatioun kënnt aus dem Innenministère, wou ee bis e Mëttwoch seng Kandidatur konnt erareechen ënner anerem fir de Poste vum Chef vun der Police a fir säi Stellvertrieder. Déi aktuell Spëtz vu Philippe Schrantz an Donat Donven gi jo an d‘Pensioun. Et koumen aacht Kandidaturen fir de Policedirekter eran, an zéng fir säi Stellvertrieder. D‘Krittäre fir den Job si ganz héich. Aktuell géifen et nëmmen 29 Leit bei der Police ginn, déi se iwwerhaapt erfëllen, a vun deenen hu sech der elo 18 gemellt, esou d‘Wort.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ 18 Kandidature fir d'Policespëtzt
Police
18 Kandidature fir d'Policespëtzt
Et ginn 18 Kandidature fir d‘Spëtzt vun der Police, dat schreift d‘Lëtzebuerger Wort vun haut.
auto_stories
1 min