150 Milliounen Euro si schonn zesummekomm - den Defence Bond ass ausverkaf
Beim Defence Bond, deen zënter gëschter um Donneschdeg konnt kaf ginn, ass alles verginn. An engem Schreiwes schwätzt de Finanzminister Gilles Roth (CSV) vun engem remarkabele Succès. Dee géif weisen, wéi vill Vertrauen an déi staatlech Finanze géif bestoen.