search

/ 100 Joer Raiffeisen: Et wëllt een déi beschte Clientsexperienz zu Lëtzebuerg ubidden

Banken

|
headphones

3 min

100 Joer Raiffeisen: Et wëllt een déi beschte Clientsexperienz zu Lëtzebuerg ubidden

Fir der ländlecher Bevëlkerung hei am Land den Zougank zu Finanzservicer méiglech ze maache war virun 100 Joer d'Bank Raiffeisen gegrënnt ginn: Den 9. Februar 1926. Haut huet dës onofhängeg Genossenschaftsbank iwwer 700 Mataarbechter:innen an iwwer 130.000 Clienten.

headphones

3 min

Laurent Zahles, President vum Direktiounscomité a Guy Hoffmann, President vum Verwaltungsrot vun der Bank Raiffeisen | © Serge Kesseler
Laurent Zahles, President vum Direktiounscomité a Guy Hoffmann, President vum Verwaltungsrot vun der Bank Raiffeisen (Foto: Serge Kesseler)

Vun deene si ronn 55.000 Clientë Besëtzer vun der Bank Raiffeisen. Beneficer kréie si awer net ausbezuelt, wéi de President vum Direktiounscomité, de Laurent Zahles, erkläert huet. Hir Beneficer géifen integral an de Reserve vun der Bank bleiwen. 

"Dat erlaabt eis, déi Suen ze huele fir weider an eis Employéen ze investéieren, fir d'Projete vun eise Clienten ze accompagnéieren, sief et déi privat, déi professionell."

Domat kéinte si hir Roll an der Ekonomie assuréieren, esou de Laurent Zahles. 

"Eis Ënnerstëtzung do bidden, déi Resultater erëm ze degagéieren, déi mir nees erëm eng Kéier bei eis Reserve bäischëdden." 

Eng Bank misst "bëssen diskreet" sinn 

Hiren 100. Anniversaire huet d’Bank Raiffeisen um Donneschdegowend a Presenz vum Grand-Duc Guillaume, dem Premier Luc Frieden (CSV) an iwwer 1.200 weidere Gäscht an der Rockhal zu Esch-Belval gefeiert.

De President vum Verwaltungsrot, de Guy Hoffmann, hofft, datt d'Bank och nach an 100 wäert bestoen. 

"Mee och do denken ech, déi Bank war ni eng schrecklech opreegend Bank, mee si louch ëmmer richteg an hire wichtegen Entscheedungen. Fir mech muss eng Bank och e bëssen diskreet sinn, gutt agéieren an hiren eegene Metier kënne maachen." 

Online-Banking hëlt ee seriö

Den Trend geet a Richtung vu méi digitale Finanzservicer, mee och vu méi rengen Online-Banken. Dat géif ee ganz seriö huelen, esou de Guy Hoffmann. 

"Ech fannen, datt Revolut oder N26 a wéi se all heeschen, déi hunn alleguer formidabel User-Experiencen, un deenen ee sech och kann emol inspiréieren. Et muss een awer soen, datt fir mech dat nëmmen en Deel vun der Geschicht ass." 

Déi Acteuren hätten dacks eng aner Perceptioun wéi si als Banken, virun allem wat d'Relatiounen oder d'Stabilitéit ugeet. 

"Ech gesinn déi Acteuren do ganz flott, fir wann een elo op eng Rees geet, wann ee Payementer muss maachen, ganz einfach Operatioune maachen. Mee wann et awer méi seriö gëtt, en Terme vun de Montanten, wann et méi seriö gëtt, en Terme vun der Komplexitéit vläicht vum Dossier, dann hunn ech awer léiwer eng Bank, déi mech ka beroden, déi ech kann an d’Ae kucken." 

Eng Bank, där ee kéint an d'Ae kucken

Eng App wier flott, wa se da funktionéiert. 

"Mee wann e bëssen eppes deviéiert, da probéiert mol iergendwou an de baltesche Staaten un een ze kommen, wann dir e Problem hutt mat der Kreditkaart. An ech wëll déi Konkurrenten domat net schlecht maachen. Si si gutt fir einfach Operatiounen an dobäi bidde se eng User Experience, déi formidabel ass." 

Am Kontext vun hirem 100. Anniversaire huet d’Bank Raiffeisen och dorop higewisen, datt si - anescht wéi aner Banken - nach ni eng Ënnerstëtzung vum Staat hätt missten an Usproch huelen.

All d'Erklärungen an d'Äntwerte vun de Vertrieder vun der Raiffeisen kënnt Dir hei nolauschteren