Radioen

On air

Notturno  |  Joan Armatrading - Love And Affection

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Together

headphones

58 min

Lauschteren play_arrow

Den Alborosie ass a Sizilie gebuer an huet Jamaika zu senger Walheemecht gemaach. Op sengem neien Album collaboréiert hie mat der Jaz Elise, jamaikanesch Artistin mat vill Talent.

Mir sinn op der Spuer vum bekannten “House Of The Rising Sun”. Den Titel war en Number One Hit 1964! Datselwecht Joer hat d’Miriam Makeba hir Versioun verëffentlecht …

Dem franséisch-amerikanesche Komponist a Perkussionist Steve Shehan säin Album “Visa Mundi” ass eng kleng Pärel ...

Mir héieren och déi aussergewéinlech Renconter tëschent dem Antonello Salis, italieeneschen Accordeonist a Pianist, Paolo Angeli Gittarist, Instrumentebauer, dee sech ë. a fir d’Musek aus Sardinien interesséiert, dem Gavino Murgia, sardesche Sänger an Jazz-Saxofonist an dem Hamid Drake, amerikaneschen Jazz-Drummer a Perkussionist. E faméise Line Up, dee mir um Album “Giornale Di Bordo” héieren, en Disk, deen 2010 erauskoum.

De brasilianesche Singer-Songwriter an och Politiker Gilberto Gil ass bekannt souwuel fir seng musikalesch Innovatioun wéi fir säi politeschen Aktivismus. Säin Album “Ok Ok Ok” koum am August 2018 eraus.

Mir héieren hei gläich zwou verschidde Kollaboratioune vum Piers Faccini. Der Spuer vun dësem Artist a Weltebummler nozegoe lount sech a féiert ëmmer erëm bei interessant Decouverten!

Den neien Album “Night Reign” vun der pakistanescher Sängerin a Komponistin Arooj Aftab ass eng vun den Decouverten dës Kéier.

Playlist:
Alborosie - Faith (feat. Jaz Elise) - Destiny
Somi - House of the Rising Sun - Zenzile: The Reimagination of Miriam Makeba
Antonello Salis, Paolo Angeli, Gavino Murgia & Hamid Drake - Corsicana Tarantina - Giornale Di Bordo
Steve Shehan - Chasse Spleen - Visa Mundi
Gilberto Gil - Jacintho - OK OK OK
Las Hermanas Caronni - Breathe (feat. Piers Faccini) - Santa Plastica
Souad Massi - Mirage (feat. Piers Faccini) - Sequana
Coşkun Karademir - Rüzgar - Öz
Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign
Hindi Zahra - At the Same Time - Handmade

Musek
Rock a Pop

Episoden

Ent-Schleunegung

Neies vun der Souad Massi, Yodi, Groundation a vu ganz onbekannten Artisten an zwou ëmwerfend Gittaren aus Mexiko, déi sech all Genre zu eege maachen.
headphones

60 min

play_arrow

De Summer 2022

Irresistibel Kläng aus Brasilien, elektresche Blues-Rock, eegesënneg Singer-Songwriter an nostalgesch Nouten
headphones

56 min

play_arrow

De Summer 2022

Irresistibel Kläng aus Brasilien, elektresche Blues-Rock, eegesënneg Singer-Songwriter an nostalgesch Nouten
headphones

56 min

play_arrow

Reggae, Jazz and More

Neies an Ales aus dem Reggae, spannenden Jazz, d'Faszinatioun vun der Harf a schéi Stëmmen
headphones

60 min

play_arrow

Reggae, Jazz and More

Neies an Ales aus dem Reggae, spannenden Jazz, d'Faszinatioun vun der Harf a schéi Stëmmen
headphones

60 min

play_arrow

Métissages

Nei Verëffentlechungen, en imaginären Orchester, interessant Metissagen, déi d'Traditiounen an Éieren halen an eng irresistibel Transe
headphones

60 min

play_arrow

Métissages

Nei Verëffentlechungen, en imaginären Orchester, interessant Metissagen, déi d'Traditiounen an Éieren halen an eng irresistibel Transe
headphones

60 min

play_arrow

Breaking the Thermometer

Lidder fir d'Playlist vum Summer, d'Kinnigin vu Saba musikalesch revisitéiert, Archiv-Material vu Radio Haiti an de Blues an Éiere gehalen.

Sage Motel

Bekannte Melodië revisitéiert, akustesch Friichte vum Lockdown, traditionell an zäitlos Kläng, an e mythesche Motel, deen haut seng Geschichte fräigëtt.
headphones

57 min

play_arrow

Sage Motel

Bekannte Melodië revisitéiert, akustesch Friichte vum Lockdown, traditionell an zäitlos Kläng, an e mythesche Motel, deen haut seng Geschichte fräigëtt.
headphones

57 min

play_arrow

Anthropos

Hommage un d'Mama Africa, Mënsch dominant Figur am geophysikaleschen Afloss op Äerdsystem, Bléck op d'Virfaren an hire Rapport mat Natur, Gesellschaft a Spiritualitéit

Afro-Futuristesch

Eng afro-futuristesch Griotte vu Montreal, e Soul Mann, deen op Boleros steet, en Trompettist, dee keng Grenze kennt, an eng authentesch nei Stëmm aus dem Senegal.
headphones

52 min

Red Hot

En elektresche Cowboy, dee Soul huet, Obsessiounen, déi nuets optauchen, Spaghetti-Western-Feeling an onbegrenzte Léift
headphones

60 min

play_arrow

Keys

Dub, Reggae an eng Legend vum Genre, déi d'Fraen an de Virdergrond vu sengem neie Projet stellt, Voodoo Kläng vun New Orleans, en anzestraalt Wëssen an en irresistibele Boogie
headphones

57 min

play_arrow

Amanecer

Afrikanesch Artisten reeditéiert fir den Africa Day, engagéiert Diske fir d'Mënscherechter an d'Ëmwelt, an e Bléck op de Womad Festival.