Radioen

On air

Tockcity  |  Viagra Boys - Waterboy

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Sage Motel

Sage Motel

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Déi Neo-Psychedelesch-Beat-Band aus Südfrankräich, The Limiñanas huet mam Titel "Calentita" de perfekten Tube fir waarm SummerDeeg agespillt, gewierzt mat engem spezielle Kraut ...


Bekannte Melodien aus dem Jazz gi vum spuenesche Museker Roé op senger Anthologie "Jazz Rumba Club" revisitéiert.


Ëm den "Exotic Mood Modifier" Marihuana, deen elo bei eis fir de perséinleche Gebrauch legaliséiert gouf, geet et och beim Lalo Guerrero sengem Boogie an Éiere vum Cannabis- Kraut.


Fir d'Kanner vu bekannte Museker ass et net einfach sech ze demarkéieren an hiren eegene Stil ze fannen. De Vieux Farka Touré huet sech mat sengem eegenen Talent e Virnumm geschaaft! De Fils vum groussen Ali Farka Touré ass haut bei sengem sechste Solo Album ukomm: "Les Racinnes".


Den Yvan Robilliard ass e Pianist, dee selwer och komponéiert an dee scho mat véier Joer hanner den Tasten souz, hien ass an eng Museker-Famill eragebuer. Säin Album "Homemade" erzielt eng ënnerlech Rees, déi Mount fir Mount dem Artist seng Visioun vum Joer 2020 erzielt. Déi Zäit, an där mir all vu soziale Kontakter ofgetrennt waren, huet den Yvan Robilliard en Dialog tëschent fënnef Keyboards geféiert.


Esou lues komme mer an de Genoss vun de séisse Friichte vum Lockdown, Merci den Artisten! "Heteroklite Lockdown" gëtt dem weltbekannte Kontrabassist a Multiinstrumentalist Henri Texier säi Gemittszoustand erëm aus dem Joer 2020.


Déi psychedelesch Soul Band Monophonics vu San Francisco invitéiert hei mat hirem neien Album "Sage Motel" op d'Re-Ouverture vun dësem mythesche Motel, deen ursprénglech als Erhuelungsplaz fir Camions-Chauffeure geduecht war a wou sech spéiderhin eng Zeen vun Aussteiger a Konschtschafenden entwéckelt huet. D'Band spillt sech mat all Track vum Check In bis zum Check Out duerch déi vereenzelt Raim vum Sage Motel, observéiert an erzielt iwwer all dës Schicksaler a verluere Séilen, déi hei gelant sinn.


De Quiet Dan huet viru Kuerzem eng nei Single verëffentlecht, "One by One". De Singer-Songwriter, dee sech a Frankräich niddergelooss huet, huet en eegenen Touch.


Once Twice Melody ass den aachte Studio-Album vum amerikaneschen Dream-Pop Duo Beach House, et ass en duebelen Disk mat 18 Lidder, déi a véier Kapitele presentéiert ginn. D'Formel hei ass dem Alex Scally säi Gittarespill - dat vu vereenzelte Kritiker als flëssegt Gold bezeechent gëtt - an der Victoria Legrand hir Synthi-Kläng an duuss Stëmm, déi sech an d'Ouer annisten, wat da geschitt, kritt en Eege-Liewen ....


Playlist:



The Limiñanas - Calentita (feat. Nuria) - Calentita (feat. Nuria) - Single

Roé - It Don't Mean a Thing (Na Vale Na) - Jazz Rumba Club

Lalo Guerrero - Marihuana Boogie - Chica Patas Boogie

Vieux Farka Touré - Be Together - Les Racines

Vieux Farka Touré - Les Racines - Les Racines

Yvan Robilliard - Double jeu - Homemade

Henri Texier - Take Your Time - Heteroklite Lockdown

Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel - Sage Motel

Michael Kiwanuka - Final Days - KIWANUKA

Quiet Dan - One by One - One by One - Single

Beach House - ESP - Once Twice Melody

Beach House - Over and Over - Once Twice Melody

Black Sea Dahu - Affection - I Am My Mother


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow