Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - Inside Outside

play_arrow Live
arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ Tenzing Norgay: En Exploit fir d'Mënschheetsgeschicht

Tenzing Norgay: En Exploit fir d'Mënschheetsgeschicht

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Wann een Iech d’Fro stellt: Wie war den éischte Mënsch um Sommet vum Mount Everest, op deem mat 8.848 Meter héchste Bierg vun der Welt.
Dann ass et bal sécher, datt den Numm vum neuseelänneschen Alpinist Edmund Hillary genannt gëtt.
An Asie kéint do awer d’Äntwert anescht sinn, oder op d’mannst géif nach e weideren Numm genannt ginn, an zwar dee vum Sherpa Tenzing Norgay, dee mam Hillary uewen um Everest-Sommet stoung. Am Mee 1953 hunn den Neuseelänner Edmund Hillary a säi Sherpa, den Tenzing Norgay, den Exploit realiséiert, en Exploit deen an d’Mënschheetsgeschicht agaangen ass.
Den Hillary an den Tenzing Norgay stoungen den 29. Mee 1953 um hallwer 12 moies als éischt Mënschen um héchste Bierg vun der Welt, dem Mount Everest.
Den Tenzing Norgay ass deemools als einfache Mann op de Everest geklommen, a fir d’Vollek vun de Sherpaen als Held nees erofkomm.
De Jean Claude Majerus erënnert un de Tenzing Norgay, deen, wéi hie selwer gemengt huet, den 29. Mee 1914, virun 110 Joer op d’Welt koum.
D‘Erënnerung un den Tenzing Norgay soll och en Hommage un dat ganzt Vollek vun de Sherpae sinn, ouni si hätte wuel ni esou vill Leit um Sommet vun engem 8.000er gestanen.

Kultur
Politik a Gesellschaft
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Germaine Damar: E Mënsch mat ganz vill Liewensfreed

Germaine Damar: E Mënsch mat ganz vill Liewensfreed

D’Lëtzebuerger Actrice an Dänzerin Germaine Damar kritt haut um 31. August 95 Joer.
headphones

10 min

play_arrow
Mark Knopfler: E grousse Virtuos op der elektrescher Gittar | © picture alliance / Avalon/Retna | Michael Putland

Mark Knopfler: E grousse Virtuos op der elektrescher Gittar

Den Dire-Straits-Museker an Aussnamegittarist Mark Knopfler krut dësen 12. August 75 Joer.
headphones

13 min

play_arrow
Francoise Hardy: Eng Ikon vun der franséischer Chanson | © picture alliance/United Archives | United Archives / Helmut Reiss

Francoise Hardy: Eng Ikon vun der franséischer Chanson

Déi franséisch Sängerin a Songwriterin Françoise Hardy ass den 11. Juni dëst Joer am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow
"The Summer of Love" | © picture alliance / imageBROKER | Stefan Ziese

"The Summer of Love"

Am Fong sollt domat e Liewensgefill beschriwwe ginn, wéi den Hippie-Mouvement et virun allem zu San Francisco duerch 1960er Jore gelieft huet.
headphones

15 min

play_arrow
Heidi Kabel: En Hamburger Original | © picture alliance/United Archives | United Archives/Impress

Heidi Kabel: En Hamburger Original

De 15. Juni 2010 ass d‘Heidi Kabel am Alter vu 95 Joer zu Hamburg gestuerwen. Déi wuel populäersten däitsch Vollekstheateractrice koum de 27. August 1914, och zu zu Hamburg, op d’Welt.
headphones

7 min

play_arrow

D'Rout Luuchten ginn et zanter 110 Joer

D'Rout Luuchten reegelen all Dag de Verkéier fir Milliarde vu Mënschen.
headphones

4 min

play_arrow
De Label Motown kritt 65 Joer

De Label Motown kritt 65 Joer

De ganz bekannte Musekslabel gouf viru 65 Joer gegrënnt a war e Sprangbriet fir eng ganz Partie afroamerikanesch Museker, déi duerno zu gellege Weltstare goufen.
headphones

11 min

play_arrow

Leo Fender: De Papp vun der Stratocaster an Telecaster

De Papp vun den elektresche Gittare koum virun 115 Joer op d’Welt. De Leo Fender ass den 21. Mäerz 1991 am Alter vun 81 Joer no Komplikatioune wéinst senger Parkinsonkranheet gestuerwen.
Konscht gouf ëmmer scho geklaut

Konscht gouf ëmmer scho geklaut

Déi zwee Munch-Biller zu Oslo, d'Mona Lisa virun iwwer 100 Joer aus dem Louvre an aner geklaute Konschtwierker
headphones

14 min

play_arrow
Alfred Hitchcock: De Meeschter vum Thriller

Alfred Hitchcock: De Meeschter vum Thriller

De “Master of Suspense” Alfred Hithock koum den 13. August 1899, virun 125 Joer deemno, op d’Welt.
headphones

12 min

play_arrow
Déi legendär Abbey-Road-Foto vun de Beatles

Déi legendär Abbey-Road-Foto vun de Beatles

Déi legendär Foto vun den Beatles, déi an der Abbey Road zu London iwwer d‘Zebrasträife ginn, gouf viru 55 Joer geknipst.
headphones

13 min

play_arrow
Volker Lechtenbrink: Den Kënschtler mat der spezieller Stëmm

Volker Lechtenbrink: Den Kënschtler mat der spezieller Stëmm

Den 22. November 2021 ass den däitschen Allround-Artist Volker Lechtenbrink am Alter vu 77 Joer gestuerwen. Gëschter um 18. August hätt hien 80 Joer kritt.
headphones

10 min

play_arrow
Robert Hall: En Deel vun der Woodstock-Geschicht

Robert Hall: En Deel vun der Woodstock-Geschicht

Deen Amerikaner, deen hei zu Lëtzebuerg lieft, war viru 55 Joer, um Weekend vum 15., 16. a 17. August 1969 op dem Feld zu Bethel beim legendäre Woodstock Festival mat derbäi.
headphones

19 min

play_arrow
Woodstock-Festival: En Ausdrock vum Love and Peace-Mouvement

Woodstock-Festival: En Ausdrock vum Love and Peace-Mouvement

Viru 55 Joer goung op dësem Weekend dee legendäre Woodstock Festival iwwer d'Bün, en Héichpunkt vun der Hippie-Kultur.
headphones

18 min

play_arrow
Les Paul: De Papp vun der elektrescher Gittar

Les Paul: De Papp vun der elektrescher Gittar

De Museker a Gittarist Les Paul ass den 12. August 2009 am Alter vu 94 Joer gestuerwen. Den Jazz- a Rock-Pionéier ass de Papp vun engem Kultobjet
headphones

9 min

play_arrow
Donald Duck: Déi sympathesch, rosen Int

Donald Duck: Déi sympathesch, rosen Int

Den 9. Juni 1934, virun 90 Joer, konnt een de Donald Duck, eng vun de beléiftsten Disney-Figuren, déi alleréischte Kéier am Zeechentrickfilm “The Wise Little Hen” gesinn.
headphones

7 min

play_arrow
FSK: E Film vu wéi engem Alter un?

FSK: E Film vu wéi engem Alter un?

Zanter 1949, also schonn 75 Joer, kontrolléiert d’FSK, d’Freiwillige Selbstkontrolle der Filmwirtschaft an Däitschland, fir wéi en Alter e Film am Kino oder op anere Supporte fir Kanner oder Jugendlecher erlaabt ass.
headphones

8 min

play_arrow
Emil Berliner: De Papp vun der Schellacks-Plack

Emil Berliner: De Papp vun der Schellacks-Plack

Den Erfinder vum Grammophon a vun der Schellacks-Plack a Grënnungsmember vun der Deutschen Grammophon, den Emil Berliner, ass viru 95 Joer am Alter vun 78 Joer zu Washington gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
Manson-Mäerderei: Synonym vum Béisen

Manson-Mäerderei: Synonym vum Béisen

De Satanist a Sekteleader Charles Manson huet viru 55 Joer Membere vu senger “Family” ugestiwwelt Mënschen, ënner hinnen déi héich-schwanger Actrice Sharon Tate, dout ze maachen.
headphones

8 min

play_arrow
Ronald Biggs: Vum Brigang zur Legend

Ronald Biggs: Vum Brigang zur Legend

Ee vun de Brigangen, deen 1963 beim Great Train Robbery derbäi war, kréich haut (8.8.) 95 Joer.
headphones

7 min

play_arrow