Retromania
Roy Orbison: E Sonnebrëll an eng duuss Stëmm
8 min
Hien hat en donkele Sonnebrëll un an huet iwwer schéi Frae gesongen: mat dësen zwou Associatioune brauch een net wäit sichen ze goe fir ze wëssen, datt vum amerikanesche Country- a Rocksänger Roy Orbison rieds geet.
An 32 Joer Karriär huet de Roy Orbison mat sengem duusse Rythm’n’Blues-Country-Pop-Rock eng ganz Partie Museker, wéi de Bruce Springsteen, d’Beatles oder The Cramps markéiert.
An fir den Elvis Presley war den Orbison esouguer “Dee beschte Sänger vun der Welt”.
De Roy Orbison koum den 23. Abrëll 1936, zu Vernon am Texas op d’Welt, mee hien ass, leider muss ee soen, iwwerraschend op Niklosdag 1988 am Alter vun nëmmen 52 Joer gestuerwen.
De Jean Claude Majerus dediéiert de Retromania dem Roy Orbison.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus