Retromania
Romy Schneider: E Liewen tëschent Succès an Tragedie
9 min
Wa mir un d’Film-Trilogie iwwer déi éisträichesch Keeserin Sissi denken, da kënnt engem direkt den Numm vun der Actrice Romy Schneider an de Kapp, déi mat der Interpretatioun vun där Roll weltbekannt gouf.
D’Ironie vun dësem Film wollt awer, datt d’Romy Schneider an hirem Liewe quasi grad esou eng tragesch Figur war, wéi d’Keeserin Sissi.
D’Romy Schneider, eng Perséinlechkeet voller Géigesätz, déi awer d’Mënschen nach ëmmer faszinéiert.
D’Liewe vun der Romy Schneider war ufanks wéi e Mäerche mat Happy End, mee um Enn war et awer eng Tragedie.
D’Romy Schneider war ëmmer hin a hier gerappt, tëschent dem Wëlle Succès ze hunn an als Actrice ze iwwerzeegen, an tëschent dem Wonsch en Doheem a Léift ze fannen, an dat war hir gréissten Tragedie am Liewen, d’Romy Schneider huet sech mat Alkohol a Medikamenter gedéit, huet ëmmer probéiert géint hir Sucht virzegoen, ouni Resultat.
Deen eenzegen Halt, dee si nach am Liewen hat, war hir Filmaarbecht, an do sot d'Romy Schneider emol selwer: "Am Film kann ech alles, am Liewen näischt."
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus