Retromania
Pierre Curie: E kuerzt Liewe fir d'Wëssenschaft
8 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/179023/image-thumb__179023__base_thumbnail/Pierre%20Curie.0b313ae0.jpg)
De franséische Physiker a Physiks-Nobelpräislaureat vun 1903 Pierre Curie ass den 19. Abrëll 1906 am Alter vun nëmme 46 Joer gestuerwen. An dat net, wéi een am Fong kéint unhuelen, duerch e Stralen-Accident oder eng Explosioun a sengem Laboratoire. Mee de Pierre Curie blouf bei engem Accident mat enger Päerdskutsch leien.
Eréischt zwee an en halleft Joer virdrun hat de Pierre Curie zesumme mat senger Fra Marie Curie den Nobelpräis fir Physik kritt, wéinst hire Recherchë ronderëm Stralephenomeener, déi weltwäit ënner de Wëssenschaftler fir vill Diskussioune gesuergt hunn.
A besonnesch an där Welt vun der Wëssenschaft gouf sécher an de leschten Deeg un de Pierre Curie, ee vun de gréisste Physiker vum 19. Joerhonnert, geduecht, deen de 15. Mee 1859, also virun 165 Joer, gebuer gouf.
Festhale muss een, datt ee bal net Pierre Curie ka soen ouni och u seng Fra Marie Curie ze denken, eng Wëssenschaftskoppel wéi et der nëmme rar gouf.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
![Wéi waren déi antik Olympesch Spiller?](/1_Foto/100komma7.lu/192678/image-thumb__192678__base_thumbnail/Olympesch%20Spiller%20Antike.b4e8bf84.jpg)
Wéi waren déi antik Olympesch Spiller?
Haut (26.7.) ass den Optakt vun den 33. Olympesche Spiller zu Paräis.
![Wat ass e Walkman?](/1_Foto/100komma7.lu/192675/image-thumb__192675__base_thumbnail/Walkman.1594b557.jpg)
Wat ass e Walkman?
Viru 45 Joer koum de Walkman international op de Maart. Eng Innovatioun, e Kultobjet, dee Millioune vu Leit markéiert huet, an deen der haut net méi vill kennen.
!["The Lord of the Rings", e Klassiker vun der High Fantasy](/1_Foto/100komma7.lu/192666/image-thumb__192666__base_thumbnail/Herr%20der%20Ringe.f8cde838.jpg)
"The Lord of the Rings", e Klassiker vun der High Fantasy
Dem J. R. R.Tolkien säi Meeschterwierk “The Lord of the Rings” gouf am August 1954, viru 70 Joer also, eng éischte Kéier editéiert.
![E spektakuläre Vol an der Kunsthalle Schirn](/1_Foto/100komma7.lu/192669/image-thumb__192669__base_thumbnail/Kunsthalle%20Schirn.5c0d0975.jpg)
E spektakuläre Vol an der Kunsthalle Schirn
D’Kunsthalle Schirn gouf bekannt duerch dee spektakuläre Vol vun Tableaue vum William Turner a Casper David Friedrich, an dat sinn ewell schonn 30 Joer hier.
![Dat mëssgléckten Attentat op den Hitler](/1_Foto/100komma7.lu/192012/image-thumb__192012__base_thumbnail/Graf%20von%20Stauffenberg.9b31c941.jpg)
Dat mëssgléckten Attentat op den Hitler
Den 20. Juli 1944 war dat mëssgléckten Attentat op den Hitler. An der Suite dovunner goufen eng 200 Leit mat un der Spëtzt dem Claus Schenck Graf von Stauffenberg vun de Nazien ëmbruecht.
![Deen éischte Mënsch um Mound](/1_Foto/100komma7.lu/191520/image-thumb__191520__base_thumbnail/Neil%20Armstrong.818b8182.jpg)
Deen éischte Mënsch um Mound
Et sinn 55 Joer hier, datt den Neil Armstrong mat der Apollo 11 Missioun als éischte Mënsch um Mound war. Erënnerung un dës historesch Nuecht am Joer 1969
![James Garner: Schauspiller mat Engagement](/1_Foto/100komma7.lu/191523/image-thumb__191523__base_thumbnail/James%20Garner.77122aa3.jpg)
James Garner: Schauspiller mat Engagement
Deen amerikaneschen Acteur, deen als Detektiv Rockford weltbekannt gouf, ass de 19. Juli 2014 am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
![© picture-alliance / dpa | Holger Kasnitz Milva: Eng staark Fra, eng grouss Stëmm | © picture-alliance / dpa | Holger Kasnitz](/1_Foto/100komma7.lu/190803/image-thumb__190803__base_thumbnail/Milva.416c02cb.jpg)
Milva: Eng staark Fra, eng grouss Stëmm
D’Milva, eng staark Fra, déi 85 Joer kritt hätt
![Rainer Kirsch: Dee rouege Rebell](/_default_upload_bucket/190800/image-thumb__190800__base_thumbnail/Rainer%20Kirsch.daf2f92a.jpg)
Rainer Kirsch: Dee rouege Rebell
Deen ost-däitsche Schrëftsteller a Lyriker hätt haut 90. Joer kritt. Den DDR-Dichter ass de 4. September 2015 am Alter vun 81 Joer gestuerwen.
![© Wikimedia Commons Johnny Winter: De grousse Meeschter vum Blues | © Wikimedia Commons](/1_Foto/100komma7.lu/189612/image-thumb__189612__base_thumbnail/Johnny%20Winter.3d85d507.jpg)
Johnny Winter: De grousse Meeschter vum Blues
De Bluesmuseker Johnny Winter ass de 16. Juli 2914 am Alter vu 70 Joer zu Zürich gestuerwen.
![© Wikimedia Commons Hugo von Hofmannsthal: Den Auteur vum "Jedermann" | © Wikimedia Commons](/1_Foto/100komma7.lu/189609/image-thumb__189609__base_thumbnail/Hugo%20von%20Hofmannsthal.0dea0af7.jpg)
Hugo von Hofmannsthal: Den Auteur vum "Jedermann"
Deen éisträicheschen Dichter ass viru 95 Joer gestuerwen.
![Jean Calvin: Reformatioun a Kapitalismus](/_default_upload_bucket/190083/image-thumb__190083__base_thumbnail/John_Calvin_-_Young.aed8180c.jpg)
Jean Calvin: Reformatioun a Kapitalismus
Den Theolog a Kierche-Reformateur Jean Calvin koum den 10. Juli 1509, viru 515 Joer a Frankräich op d’Welt.
![Lion Feuchtwanger: Luef an Hon leien dacks no beieneen](/1_Foto/100komma7.lu/188497/image-thumb__188497__base_thumbnail/Lion%20Feuchtwanger.060878ce.jpg)
Lion Feuchtwanger: Luef an Hon leien dacks no beieneen
Deen däitsche Schrëftsteller Lion Feuchtwanger, Auteur vum historesche Roman "Jud Süss" gouf virun 140 Joer gebuer.
![Jürgen Habermas | © Eriopa Pont / Flickr Jürgen Habermas: E groussen Denker vum 20. Joerhonnert | © Eriopa Pont / Flickr](/1_Foto/100komma7.lu/187345/image-thumb__187345__base_thumbnail/J%C3%BCrgen%20Habermas.90276fff.jpg)
Jürgen Habermas: E groussen Denker vum 20. Joerhonnert
De Philosoph, Soziolog a bedeitenden Intellektuellen krut den 18. Juni 95 Joer.
![© picture-alliance/ dpa | Salome Kegler Heinrich Hoffmann: De Papp vum Struwwelpéiter | © picture-alliance/ dpa | Salome Kegler](/1_Foto/100komma7.lu/186028/image-thumb__186028__base_thumbnail/Struwwelpeter.c31c6ca8.jpg)
Heinrich Hoffmann: De Papp vum Struwwelpéiter
Virun 215 Joer koum den Heinrich Hoffmann op d'Welt, den Auteur vun deem zimlech brutale Kannerbuch.
![Anne Frank: E remarkabele jonke Mënsch](/1_Foto/100komma7.lu/184081/image-thumb__184081__base_thumbnail/Anne%20Frank.37fb8b51.jpg)
Anne Frank: E remarkabele jonke Mënsch
Op der Welt gëtt dëser Deeg un der Anne Frank hire 95. Anniversaire geduecht gëtt. Dat jonkt jiddescht Meedchen huet an de Krichsjoren en Tagebuch geschriwwen an ass kuerz virun der Liberatioun am KZ gestuerwen.
![John Wayne | © Wikimedia Commons John Wayne: Äerz-konservative Western-Legend | © Wikimedia Commons](/1_Foto/100komma7.lu/183178/image-thumb__183178__base_thumbnail/John%20Wayne.e408b237.jpg)
John Wayne: Äerz-konservative Western-Legend
Den amerikanesche Filmacteur John Wayne, deen de 26. Mee 1907 op d’Welt koum, ass den 11. Juni 1979, den nächsten Dënschdeg, viru 45 Joer, gestuerwen.
![Tenzing Norgay: En Exploit fir d'Mënschheetsgeschicht](/1_Foto/100komma7.lu/181762/image-thumb__181762__base_thumbnail/Tenzing%20Norgay.491ac699.jpg)
Tenzing Norgay: En Exploit fir d'Mënschheetsgeschicht
Den Edmund Hillary an den Tenzing Norgay stoungen den 29. Mee 1953 als éischt Mënschen um Mount Everest. Den Tenzing Norgay koum den 29. Mee, virun 110 Joer, op d'Welt.
![Charles Aznavour: E legendäre Monsieur](/1_Foto/100komma7.lu/179644/image-thumb__179644__base_thumbnail/Charles%20Aznavour.c79cd0c0.jpg)
Charles Aznavour: E legendäre Monsieur
De franséischen Chansonnier, Songwriter an Acteur hätt dëse Mëttwoch 100 Joer kritt, hie gouf den 22. Mee 1924 zu Paräis gebuer.
![Pierre Curie: E kuerzt Liewe fir d'Wëssenschaft](/1_Foto/100komma7.lu/179023/image-thumb__179023__base_thumbnail/Pierre%20Curie.0b313ae0.jpg)