Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ Maurice Chevalier: Den Artist mam Canotier

Maurice Chevalier: Den Artist mam Canotier

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Et ass och zu engem groussen Deel duerch de Maurice Chevalier, datt bal all Fransous am Ausland d’Reputatioun vun engem sougenannte "French Lover" huet, an datt de Fransous am Ausland als sympatheschen an net grad seriéise Bon Vivant charakteriséiert gëtt.

An iwwer 60 Joer Karriär huet de franséischen Allrounder dem Variété, dem Chanson an dem Film säi Stempel opgedréckt.
Esouguer zu Hollywood huet de Maurice Chevalier säi Wee gemaach, do wou hien och 1958 een Éieren-Oskar krut.

De Maurice Chevailer koum den 12. September 1888 virun 135 Joer zu Paräis op Welt, an hie bleift och haut nach weltwäit ee vun de bekanntste Fransousen.
Wann een un de Maurice Chevalier denkt, da kënnt engem ganz sécher d’Bild vum Mann mam Canotier, dem stréienen Hutt, engem Smoking an enger Oeillet am Knäpplach an de Kapp. Hie war beléift, gouf weltwäit invitéiert, war bei Premièren Éieregaascht a gouf esouguer vum franséische President Charles de Gaule oder vum amerikanesche President Dwight D. Eisenhower invitéiert.
En anere franséische President, de Goerges Pompidou, sot iwwer de Maurice Chevalier, datt d’Fransouse sech mat him identifizéiert hätten, an am Ausland war hie fir d’Leit e Symbol vu Frankräich.
De Maurice Nationale, deen d’Roll vum Ambassadeur vum franséische “Savoir-Vivre” ni lass gouf, krut an den USA 1958 en Éieren-Oskar fir säi Liewenswierk am Beräich Entertainment.
An 1960 krut de Chevalier och säin eegene Stär um bekannte Walk of Fame zu Los Angeles.

Kultur
mic_none

Presentateur

Episoden

Jürgen Gosch: Säin Theater huet polariséiert a provozéiert

De Jürgen Gosch, deen haut 80 Joer géif kréien, war ee vun de wichtegste Regisseure vum zäitgenësseschen däitschsproochegen Theater.
headphones

8 min

play_arrow

Karl Lagerfeld: Seng wichtegst Kreatioun war hie selwer

D'Haute Couture feiert ee vun hire groussen Moudedesigner: De Karl Lagerfeld kréich iwwermuer 90 Joer, hien ass den 19. September 2019 mat 86 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

Eiger-Nordwand: Iwwer d'Mordwand op de Sommet vum Eiger

Viru 85 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Mona Lisa: De Mythos ronderëm d'Schéinheet aus dem Louvre

Dem Leonardo Da Vinci säi Portrait vun der Mona Lisa gouf am Joer 1503 realiséiert virun ëmmerhi scho 520 Joer, an en huet näischt vu sengem Mythos verluer.
headphones

12 min

Kenzo Tange: E vun de populäertsen Architekte vun der moderner Zäit

De japaneschen Architekt ass haut virun 110 Joer gebuer, hien ass den 22. September 2005 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Charles Bronson: De legendären "Tough Guy"

De Prototyp vum raue Kärel aus der Dramfabrick Hollywood ass den 30. August 2003 zu Los Angeles gestuerwen. Seng lescht Joren waren duerch d'Alzheimerkrankheet gezeechent.
headphones

7 min

play_arrow
De Stockholm Sydrom: Symphatie tëschent Täter an Affer

1973 gouf bei enger Geiselnam a Schweden e Phenomeen observéiert, deen haut an der Psychiatrie Stockholm Syndrom genannt gëtt.
headphones

6 min

Georges Braque: Ee vun de Pappe vum Kubismus

De Moler, Grafiker a Sculpteur, deen och Affinitéiten zum Fauvismus hat, ass haut viru 60 Joer, den 31. August gestuerwen.