Radioen

On air

Concert  |  Beethoven, der Europäer

play_arrow Live
arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ Maurice Chevalier: Den Artist mam Canotier

Maurice Chevalier: Den Artist mam Canotier

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Et ass och zu engem groussen Deel duerch de Maurice Chevalier, datt bal all Fransous am Ausland d’Reputatioun vun engem sougenannte "French Lover" huet, an datt de Fransous am Ausland als sympatheschen an net grad seriéise Bon Vivant charakteriséiert gëtt.


An iwwer 60 Joer Karriär huet de franséischen Allrounder dem Variété, dem Chanson an dem Film säi Stempel opgedréckt.

Esouguer zu Hollywood huet de Maurice Chevalier säi Wee gemaach, do wou hien och 1958 een Éieren-Oskar krut.


De Maurice Chevailer koum den 12. September 1888 virun 135 Joer zu Paräis op Welt, an hie bleift och haut nach weltwäit ee vun de bekanntste Fransousen.

Wann een un de Maurice Chevalier denkt, da kënnt engem ganz sécher d’Bild vum Mann mam Canotier, dem stréienen Hutt, engem Smoking an enger Oeillet am Knäpplach an de Kapp. Hie war beléift, gouf weltwäit invitéiert, war bei Premièren Éieregaascht a gouf esouguer vum franséische President Charles de Gaule oder vum amerikanesche President Dwight D. Eisenhower invitéiert.

En anere franséische President, de Goerges Pompidou, sot iwwer de Maurice Chevalier, datt d’Fransouse sech mat him identifizéiert hätten, an am Ausland war hie fir d’Leit e Symbol vu Frankräich.

De Maurice Nationale, deen d’Roll vum Ambassadeur vum franséische “Savoir-Vivre” ni lass gouf, krut an den USA 1958 en Éieren-Oskar fir säi Liewenswierk am Beräich Entertainment.

An 1960 krut de Chevalier och säin eegene Stär um bekannte Walk of Fame zu Los Angeles.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Bob Seger: Dee symphatesche Musker mat der rauer Stëmm

Deen amerikanesche Museker a Sänger mat der aussergewéinlecher Stëmm krut de 6. Mee 80 Joer.
headphones

11 min

play_arrow

Mike Brant: En Idol vun der franséscher Chanson

Deen israeelesche Sänger Mike Brant ass viru 50 Joer gestuerwen. Hie gouf nëmmen 28 Joer al, mee seng Stëmm mat hirer ganzer Sensibilitéit bleift erhalen.
headphones

8 min

play_arrow

Günter Grass: En däitsche Auteur a Moralist

Den däitsche Schrëftsteller a Literaturnobelpräislaureat vun 1999 Günter Grass ass den 13. Abrëll 2015, virun 10 Joer, am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
headphones

11 min

play_arrow

Pol Greisch: En Acteur an Auteur, deen den Theater markéiert huet

Den Acteur an Auteur Pol Greisch krut de leschten Dënschdeg, 8.4., 95 Joer.
headphones

9 min

play_arrow

René Pütz: De Schnëssert

E Méindeg hätt de Lëtzebuerger Acteur a Komiker René Pütz, deen den 7. Abrëll 1940 gebuer gouf, 85 Joer kritt.
headphones

8 min

play_arrow

PIr Kremer: De Staminee war säi Liewen

Den 28. Mäerz 2000, gëschter viru 25 Joer, ass den Auteur, Radiosmënsch, Theater- a Kabarettist Pir Kremer am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
headphones

12 min

play_arrow

Albert Uderzo: De Mënsch hanner den Astérix-Zeechnungen

Den Zeechner vum Astérix an Obélix Albert Uderzo ass de 24. Mäerz 2020 am Alter vun 92 Joer gestuerwen. Den Auteur vun Astérix an dem Uderzo säi grousse Frënd René Goscinny ass schonn 1977 gestuerwen.
headphones

11 min

play_arrow

Astrid Lindgren: Pippi Langstrumpf an aner Geschichten

Déi weltwäit bekanntste Kannerbuchschrëftstellerin Astrid Lindgren, d’Mamm vum Pippi Langstrumpf a vu villen anere Figuren, huet am Mäerz 1944 eng éischte Kéier d’Geschichte vum Pippi opgeschriwwen.
headphones

11 min

play_arrow
Fritz Rau: Concerte ware säi Liewen

Fritz Rau: Concerte ware säi Liewen

Ee vun de gréissten däitsche Concert- an Tour-Organisateuren géif muer, 9. Mäerz, 95 Joer kréien.
headphones

13 min

play_arrow
Plastic Ono Band: E Mythos ouni grouss Karriär

Plastic Ono Band: E Mythos ouni grouss Karriär

Am Februar 2010, viru 15 Joer, huet Plastic Ono Band virun 2.000 begeeschterte Visiteuren an der Brooklyn Academy of Music zu New York een eemolege Concert ginn.
headphones

8 min

play_arrow

Charles M. Schulz: De Papp vum Charlie Browen, Snoopy a Co.

Den Charles M. Schulz, de Papp vun de Peanuts, ass den 12 Februar 2000, also viru bësse méi wéi 25 Joer, just e puer Stonnen éier déi lescht Geschicht vun de Peanuts an Zeitunge publizéiert gouf, gestuerwen.
headphones

13 min

play_arrow
Angelo Branduardi: Dee rouegen a passionéierte Songwriter a Multi-Instrumentalist

Angelo Branduardi: Dee rouegen a passionéierte Songwriter a Multi-Instrumentalist

Den Angelo Barnduardi koum den 12. Februar 1950 zu Cuggiono bei Mailand op d'Welt an huet e Mëttwoch 75 Joer kritt.
headphones

10 min

play_arrow
Jack Lemmon: Dee rouegen Hollwood-Schauspiller | © picture-alliance / dpa | Hubert Boesl

Jack Lemmon: Dee rouegen Hollwood-Schauspiller

Den Acteur Jack Lemmon, eng vun de grousse Figure vum Film, koum den 8. Februar 1925 op d'Welt.
headphones

7 min

play_arrow

Arhur Miller: D'Gewësse vun Amerika

Et si geschwënn 20 Joer hier, datt den amerikaneschen Auteur an Dramatiker Arthur Miller am Alter vu bal 90 Joer gestuerwen ass.
headphones

8 min

play_arrow
E Film no un der Perfektioun | © picture alliance / United Archives | United Archives/Impress

E Film no un der Perfektioun

Dem Carol Reed säi Filmmeeschterwierk "The THird Man" hat viru 75 Joer weltwäit e rise Succès.
headphones

12 min

play_arrow
Rio Reiser: De Kinnek vun  Däitschland | © picture alliance / dpa | Erwin Elsner

Rio Reiser: De Kinnek vun Däitschland

De däitsche Kult-Rockmuseker a „König von Deutschland“ Rio Reiser hätt d’lescht Woch 75 Joer kritt, en ass awer 1996, 46 Joer jonk gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert un de Rio Reiser a sengem Retromania
headphones

12 min

play_arrow

Marc Oinger: E Pilier vum Theater zu Lëtzebuerg

Den 8. Januar 2015, virun 10 Joer, ass e Pionéier vun der Lëtzebuerger Theaterzeen gestuerwen.
headphones

13 min

play_arrow
Albert Camus: De Philosoph vum Existenzialismus | © picture alliance / Bildagentur-online | UIG

Albert Camus: De Philosoph vum Existenzialismus

De Literaturnobelpräislaureat vun 1957 koum haut op den Dag (4.1.) viru 65 Joer op eng éischter absurd Manéier ëm d'Liewen.
Samuel Beckett: Dee groussen Dramatiker mat senger knapper Sprooch | © picture-alliance / dpa | -

Samuel Beckett: Dee groussen Dramatiker mat senger knapper Sprooch

Deen ireschen Auteur ass viru 35 Joer, den 22. Dezember 1989, zu Paräis gestuerwen. “Waitung for Godot” ass dem Beckett säi bekanntste Wierk, mee och aner Stécker hunn déi modern Theaterliteratur decisiv beaflosst.
headphones

15 min

play_arrow
Rudolf Platte: Seng traureg Manéier war seng Komik

Rudolf Platte: Seng traureg Manéier war seng Komik

Ee vun de leschte richtegen däitsche Volleksschauspiller, de Rudolf Platte, ass den 18. Dezember 1984, viru 40 Joer deemno, gestuerwen.
headphones

10 min

play_arrow