Retromania
Maria Callas: "La Divina Assoluta"
9 min
D’Maria Callas war net nëmmen eng Primadonna, net nëmmen déi gëttlech Diva, net nëmmen "La Divina Assoluta“, d’Maria Callas war schonn zu Liefzäiten e Mythos. E Mythos, deen haut iwwer 45 Joer no hirem Doud nach weiderlieft.
Déi aussergewéinlech Sopranistin hätt den 2. Dezember 100 Joer kritt, si ass awer eleng an zeréckgezunn, de 16. September 1977 zu Paräis gestuerwen.
Generatioune wou Mënschen, och wa si ni d’Chance haten d’Maria Callas selwer op der Bün ze gesinn, kënnen duerch Disken d’Faszinatioun vun hirer eenzegaarteger Stëmm oder virun allem hirer eenzegaarteger Presenz erliewen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus