Retromania
Marcel Reich-Ranicki: "Ich nehme den Preis nicht an"
10 min
Hie war Chef vum Departement Literatur bei der Frankfurter Allgemeinen Zeitung, 13 Joer huet hien um ZDF de "Literaresche Quartett" animéiert, an aus him gouf de "Monsieur Literatur" an Däitschland. De Reich-Ranicki huet mat senger Meenung ni hannerwands gehalen a sech mat esou munch Schrëftsteller ugeluecht. Engem Sträit ass hien ni aus dem Wee gaangen. A wat hien am mannste leide konnt war Langweil.
De Literaturpoopst, wéi hien och gär genannt gouf, ass den 18. September 2013 viru ronn zéng Joer am Alter vun 93 Joer gestuerwen.
Dee gréissten Eclat, fir deen de Marcel Reich-Ranitzki gesuergt huet, war awer 2008 bei der Gala vum Däitschen Televisiounspräis, wou hien de Präis an der Live-Sendung refuséiert huet an domadder wuel däitsch Televisiounsgeschicht geschriwwen huet.
De Jean Claude Majerus iwwer deen éischter onkamoude Literaturexpert.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus