Retromania
Lou Reed: De Rebell a Rock-Junkie
10 min

Mat “Walk on the Wild Side” oder “Perfect Day” sinn dem amerikanesche Sänger a Gittarist Lou Reed Weltsuccèse gelongen. Doriwwer eraus war hien och de Grënner vun der Avantgarde Punkformatioun “THE VELVET UNDERGROUND”. De Lou Reed gehéiert an d’Kategorie vun deene Kënschtler déi Museksgeschicht geschriwwen hunn.
De Lou Reed hat e staarken Ego an et huet een hie meeschtens a schwaarzem Gezei gesinn, dat besonnesch well et soll e Protest géint dee faarwegen HippeiMouvement un den 1960-70er Jore sinn.
Dem Lou Reed seng Texter hunn ëmmer ganz vill Pessimismus erëmgespigelt, dat ganzt mat Sarkasmus an Zynismus ëmwéckelt, a genee dat huet dem Lou Reed seng Konscht ausgemaach. De Lou Reed ass kengem Sträit aus dem Wee gaangen, et war kee ganz kamouden Kärel a besonnesch mat Journaliste konnt en net.
Trauer war am Oktober 2013 grouss wou de Lou Reed gestuerwen ass a op soziale Medie konnt een ënnert anerem eng Notiz vum den indesch-britteschen Auteur Salman Rushdie liesen dee geschriwwen huet: “Lou, you will always take a walk on the wild side”
Presentateur
- Jean-Claude Majerus
Episoden

Klaus Barbie: De "Boucher de Lyon"
De 25 Oktober 2023 hätt de Klaus Barbie 110 Joer. De fréiere Gestapo-Chef vu Lyon war fir Dausenden vu Morde responsabel a gouf eréischt 1987 zu Liewenslaangem Prisong verurteelt

2 CV: Eng Liewensphilosopie
Vir 75 Joer am Oktober 1948 gouf um Paräisser Autosalon déi éischt 2 CV presentéiert an et ass sécher net vermessen ze soen, deemools gouf e Mythos gebuer.

Gustav Gründgens: "Ein Mitmacher, der nicht mitmachte"
Et si 60 Joer hier, datt den däitschen Acteur, Regisseur an Theaterindentant Gustav Gründgens während enger Weltrees zu Manila op de Philipinen am Alter vu 64 Joer gestuerwen ass.

Marcel Reich-Ranicki: "Ich nehme den Preis nicht an"
De polnesch-däitsche Literaturpoopst ass virun zéng Joer gestuerwen. An hien huet 2008 mam Refus vum Däitschen Televisiounspräis Televisioungeschicht geschriwwen.

Romy Schneider: E Liewen tëschent Succès an Tragedie
D'Actrice Romy Schneider gouf den 23. September 2023, haut virun 85 Joer, zu Wien gebuer. Si ass awer schonn de 22. Mee 1982 am Alter vu 44 Joer gestuerwen.

Maurice Chevalier: Den Artist mam Canotier
De franséischen Acteur a Chansonnier Maurice Chevalier ass och haut nach Synonym vum franséische Charme.
Jürgen Gosch: Säin Theater huet polariséiert a provozéiert
De Jürgen Gosch, deen haut 80 Joer géif kréien, war ee vun de wichtegste Regisseure vum zäitgenësseschen däitschsproochegen Theater.
Karl Lagerfeld: Seng wichtegst Kreatioun war hie selwer
D'Haute Couture feiert ee vun hire groussen Moudedesigner: De Karl Lagerfeld kréich iwwermuer 90 Joer, hien ass den 19. September 2019 mat 86 Joer gestuerwen.

Eiger-Nordwand: Iwwer d'Mordwand op de Sommet vum Eiger
Viru 85 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Eiger-Nordwand: Iwwer d'Mordwand op de Sommet vum Eiger
Viru 85 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Mona Lisa: De Mythos ronderëm d'Schéinheet aus dem Louvre
Dem Leonardo Da Vinci säi Portrait vun der Mona Lisa gouf am Joer 1503 realiséiert virun ëmmerhi scho 520 Joer, an en huet näischt vu sengem Mythos verluer.

Kenzo Tange: E vun de populäertsen Architekte vun der moderner Zäit
De japaneschen Architekt ass haut virun 110 Joer gebuer, hien ass den 22. September 2005 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Kenzo Tange: E vun de populäertsen Architekte vun der moderner Zäit
De japaneschen Architekt ass haut virun 110 Joer gebuer, hien ass den 22. September 2005 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Charles Bronson: De legendären "Tough Guy"
De Prototyp vum raue Kärel aus der Dramfabrick Hollywood ass den 30. August 2003 zu Los Angeles gestuerwen. Seng lescht Joren waren duerch d'Alzheimerkrankheet gezeechent.

De Stockholm Sydrom: Symphatie tëschent Täter an Affer
1973 gouf bei enger Geiselnam a Schweden e Phenomeen observéiert, deen haut an der Psychiatrie Stockholm Syndrom genannt gëtt.

De Stockholm Sydrom: Symphatie tëschent Täter an Affer
1973 gouf bei enger Geiselnam a Schweden e Phenomeen observéiert, deen haut an der Psychiatrie Stockholm Syndrom genannt gëtt.

Georges Braque: Ee vun de Pappe vum Kubismus
De Moler, Grafiker a Sculpteur, deen och Affinitéiten zum Fauvismus hat, ass haut viru 60 Joer, den 31. August gestuerwen.