Retromania
Klaus Barbie: De "Biôucher de Lyon"
8 min
Als “Boucher de Lyon” huet dëse Mann en éischter traurege Bekanntheetsgrad kritt.
De Klaus Barbie ass nom Krich verschwonnen, an huet sech wéi vill Nazi-Verbriecher a Südamerika, méi genee a Bolivien ofgesat.
1983 wou nees eng demokratesch Regierung d’Soen a Bolivien krut, gouf de Barbie vun de bolivianeschen Autoritéite festgeholl an u Frankräich ausgeliwwert, wou en de Prozess gemaach krut. An den 4 Juli 1987 gouf hien zu liewenslaangem Prisong condamnéiert.
Um Enn huet de President vum Geriicht den Accuséierte gefrot, op en nach eppes soe wéilt, vläicht huet de President och gehofft, datt de Barbie seng doten endlech géif bereien, an sech géif entschëllegen.
Mä de Barbie huet jiddereen enttäuscht e sot um Enn vum Prozess, Zitat : ech hunn d’Razzia vun Izieu net ordonéiert. Ech hat Muecht, net, iwwer Deportatiounen ze decidéieren . Ech si ni géint Resistance gaangen. Dat war de Krich. De Krich ass elo eriwwer. Merci.
Méi hat de Klaus Barbie net ze soen. Den Nazi-Verbriecher ass am Juli 87 zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn, ass awer schonn 1991 am Prisong am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
De 25 September 1991 stierft de Barbie am Prisong zu Lyon.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus