Retromania
Cimetière du Père Lachaise: Eng mystesch Plaz zu Paräis
9 min
Fir vill Leit heescht eng Rees op Paräis och eng Visitt um Kierfecht Père-Lachaise, wuel déi bekanntsten a schéinste vun de Paräisser Nekropolen. De Cimetière Père Lachaise gëtt et elo zanter 220 Joer, an et ass ouni Zweiwel e Monument vun der Geschicht an de Geschichten.
De Père Lachaise ass en Zeie vu grousser Trauer, mee awer och vun onerklärlecher Hoffnung. Hautdesdaags sinn eng 100.000 Griewer um Cimetière Père Lachaise, verdeelt op ronn 44 Hektar. Ganz vill berüümte Leit hunn um Père Lachaise hir lescht Rou fonnt.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus