Den Adamo steet op der Bün an deet mat senge Chansonen d’Häerzer schmëlzen. Hien ass een éiweg scheien an e bëssen almoudesche Mann, deen awer ouni Zweiwel e Star am Beräich franséisch an däitsch Chanson ass.
De Belsch ass schonn iwwer 50 Joer laang op de Brieder, déi Welt bedeiten, doheem, an hien huet bis ewell op der ganzer Welt iwwer 90 Millioune Placke verkaf.