Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ ABBA-Victoire beim ESC

ABBA-Victoire beim ESC

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De 7. Mee gëtt et spannend, dann ass Lëtzebuerg no iwwer 30 Joer Absence nees op der grousser Bün vum Eurovision Song Contest mat derbäi. D’Tali geet mat hirem franséisch-engleschen Titel “Fighter” an der ESC-Hallefinal als 15. a lescht Land fir eis Faarwen un den Depart. Do gëllt et elo schonn d‘Daumen ze drécken.
Ronderëm den ESC oder de Grand Prix d’Eurovision de la chanson ginn awer ganz vill Geschichten, schliisslech war Lëtzebuerg vun der éischter Editioun vum ESC un am Joer 1956 bis 1993 derbäi.
An eng Geschicht geet zeréck op de 6. Abrëll 1974, ganz genee haut viru 50 Joer, do huet nämlech déi schweedesch Popgrupp ABBA am englesche Brighton de Grand Prix d’Eurovision de la Chanson mam Titel “Waterloo” gewonnen. An do hätt Lëtzebuerg kéinten e weider Kapitel a senger ESC-Geschicht schreiwen.

Kultur
Musek
Rock a Pop
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Wéi waren déi antik Olympesch Spiller?

Wéi waren déi antik Olympesch Spiller?

Haut (26.7.) ass den Optakt vun den 33. Olympesche Spiller zu Paräis.
headphones

7 min

play_arrow
Wat ass e Walkman?

Wat ass e Walkman?

Viru 45 Joer koum de Walkman international op de Maart. Eng Innovatioun, e Kultobjet, dee Millioune vu Leit markéiert huet, an deen der haut net méi vill kennen.
headphones

7 min

play_arrow
"The Lord of the Rings", e Klassiker vun der High Fantasy

"The Lord of the Rings", e Klassiker vun der High Fantasy

Dem J. R. R.Tolkien säi Meeschterwierk “The Lord of the Rings” gouf am August 1954, viru 70 Joer also, eng éischte Kéier editéiert.
headphones

6 min

play_arrow
E spektakuläre Vol an der Kunsthalle Schirn

E spektakuläre Vol an der Kunsthalle Schirn

D’Kunsthalle Schirn gouf bekannt duerch dee spektakuläre Vol vun Tableaue vum William Turner a Casper David Friedrich, an dat sinn ewell schonn 30 Joer hier.
headphones

7 min

play_arrow
Dat mëssgléckten Attentat op den Hitler

Dat mëssgléckten Attentat op den Hitler

Den 20. Juli 1944 war dat mëssgléckten Attentat op den Hitler. An der Suite dovunner goufen eng 200 Leit mat un der Spëtzt dem Claus Schenck Graf von Stauffenberg vun de Nazien ëmbruecht.
headphones

8 min

play_arrow
Deen éischte Mënsch um Mound

Deen éischte Mënsch um Mound

Et sinn 55 Joer hier, datt den Neil Armstrong mat der Apollo 11 Missioun als éischte Mënsch um Mound war. Erënnerung un dës historesch Nuecht am Joer 1969
headphones

9 min

play_arrow
James Garner: Schauspiller mat Engagement

James Garner: Schauspiller mat Engagement

Deen amerikaneschen Acteur, deen als Detektiv Rockford weltbekannt gouf, ass de 19. Juli 2014 am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
Milva: Eng staark Fra, eng grouss Stëmm | © picture-alliance / dpa | Holger Kasnitz

Milva: Eng staark Fra, eng grouss Stëmm

D’Milva, eng staark Fra, déi 85 Joer kritt hätt
headphones

8 min

play_arrow
Rainer Kirsch: Dee rouege Rebell

Rainer Kirsch: Dee rouege Rebell

Deen ost-däitsche Schrëftsteller a Lyriker hätt haut 90. Joer kritt. Den DDR-Dichter ass de 4. September 2015 am Alter vun 81 Joer gestuerwen.
headphones

6 min

play_arrow
Johnny Winter: De grousse Meeschter vum Blues | © Wikimedia Commons

Johnny Winter: De grousse Meeschter vum Blues

De Bluesmuseker Johnny Winter ass de 16. Juli 2914 am Alter vu 70 Joer zu Zürich gestuerwen.
headphones

6 min

play_arrow
Hugo von Hofmannsthal: Den Auteur vum "Jedermann" | © Wikimedia Commons

Hugo von Hofmannsthal: Den Auteur vum "Jedermann"

Deen éisträicheschen Dichter ass viru 95 Joer gestuerwen.
headphones

10 min

play_arrow
Jean Calvin: Reformatioun a Kapitalismus

Jean Calvin: Reformatioun a Kapitalismus

Den Theolog a Kierche-Reformateur Jean Calvin koum den 10. Juli 1509, viru 515 Joer a Frankräich op d’Welt.
headphones

8 min

play_arrow
Lion Feuchtwanger: Luef an Hon leien dacks no beieneen

Lion Feuchtwanger: Luef an Hon leien dacks no beieneen

Deen däitsche Schrëftsteller Lion Feuchtwanger, Auteur vum historesche Roman "Jud Süss" gouf virun 140 Joer gebuer.
headphones

8 min

play_arrow
Jürgen Habermas: E groussen Denker vum 20. Joerhonnert | © Eriopa Pont / Flickr

Jürgen Habermas: E groussen Denker vum 20. Joerhonnert

De Philosoph, Soziolog a bedeitenden Intellektuellen krut den 18. Juni 95 Joer.
headphones

10 min

play_arrow
Heinrich Hoffmann: De Papp vum Struwwelpéiter | © picture-alliance/ dpa | Salome Kegler

Heinrich Hoffmann: De Papp vum Struwwelpéiter

Virun 215 Joer koum den Heinrich Hoffmann op d'Welt, den Auteur vun deem zimlech brutale Kannerbuch.
headphones

7 min

play_arrow
Anne Frank: E remarkabele jonke Mënsch

Anne Frank: E remarkabele jonke Mënsch

Op der Welt gëtt dëser Deeg un der Anne Frank hire 95. Anniversaire geduecht gëtt. Dat jonkt jiddescht Meedchen huet an de Krichsjoren en Tagebuch geschriwwen an ass kuerz virun der Liberatioun am KZ gestuerwen.
headphones

8 min

play_arrow
John Wayne: Äerz-konservative Western-Legend | © Wikimedia Commons

John Wayne: Äerz-konservative Western-Legend

Den amerikanesche Filmacteur John Wayne, deen de 26. Mee 1907 op d’Welt koum, ass den 11. Juni 1979, den nächsten Dënschdeg, viru 45 Joer, gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow
Tenzing Norgay: En Exploit fir d'Mënschheetsgeschicht

Tenzing Norgay: En Exploit fir d'Mënschheetsgeschicht

Den Edmund Hillary an den Tenzing Norgay stoungen den 29. Mee 1953 als éischt Mënschen um Mount Everest. Den Tenzing Norgay koum den 29. Mee, virun 110 Joer, op d'Welt.
headphones

10 min

play_arrow
Charles Aznavour: E legendäre Monsieur

Charles Aznavour: E legendäre Monsieur

De franséischen Chansonnier, Songwriter an Acteur hätt dëse Mëttwoch 100 Joer kritt, hie gouf den 22. Mee 1924 zu Paräis gebuer.
headphones

14 min

play_arrow
Pierre Curie: E kuerzt Liewe fir d'Wëssenschaft

Pierre Curie: E kuerzt Liewe fir d'Wëssenschaft

Dee grousse franséische Physiker an Nobelpräislaureat Pierre Curie, de Mann vun der Marie Curie, gouf virun 165 Joer gebuer.
headphones

8 min

play_arrow