Retromania
2 CV: Eng Liewensphilosopie
10 min

Wann ee vu legendären Autoen schwätzt, déi all e gewëssene Kultstatus kruten, da kommen eng Gefierer an de Kapp wéi eng R4, eng Citroën DS, de Fiat Cinquecento, de Mini, e Bulli an natierlech de VW Käfer. Et ass richteg wann der iech elo sot: “Ma do feelt dach e ganz populären Auto. “ Dann hutt der Recht, nämlech “2 Chevaux” vu Citroën. Virun 75 Joer gouf um Paräisser Autosalon déi éischt “Döschwo” presentéiert, an d’Joer drop ass Produktioun définitiv lancéiert ginn.
An dee charmanten Auto ass bis haut bei Grouss a Kleng, Jonk an Al beléift, an et gi schonn zimlech zolitte Präisser fir eng restauréiert “2 CV” op den Dësch geluecht.
D’2 CV spigelt am Ausland eng Grëtz d’Bild vun der France classique erëm, grad ewéi d’Baguette oder den Äiffeltuerm. D’2 CV steet fir Fräiheet, franséische Cahrme, Nonkonformismus an Aventure.
Presentateur
- Jean-Claude Majerus
Episoden

Gustav Gründgens: "Ein Mitmacher, der nicht mitmachte"
Et si 60 Joer hier, datt den däitschen Acteur, Regisseur an Theaterindentant Gustav Gründgens während enger Weltrees zu Manila op de Philipinen am Alter vu 64 Joer gestuerwen ass.

Marcel Reich-Ranicki: "Ich nehme den Preis nicht an"
De polnesch-däitsche Literaturpoopst ass virun zéng Joer gestuerwen. An hien huet 2008 mam Refus vum Däitschen Televisiounspräis Televisioungeschicht geschriwwen.

Romy Schneider: E Liewen tëschent Succès an Tragedie
D'Actrice Romy Schneider gouf den 23. September 2023, haut virun 85 Joer, zu Wien gebuer. Si ass awer schonn de 22. Mee 1982 am Alter vu 44 Joer gestuerwen.

Maurice Chevalier: Den Artist mam Canotier
De franséischen Acteur a Chansonnier Maurice Chevalier ass och haut nach Synonym vum franséische Charme.
Jürgen Gosch: Säin Theater huet polariséiert a provozéiert
De Jürgen Gosch, deen haut 80 Joer géif kréien, war ee vun de wichtegste Regisseure vum zäitgenësseschen däitschsproochegen Theater.
Karl Lagerfeld: Seng wichtegst Kreatioun war hie selwer
D'Haute Couture feiert ee vun hire groussen Moudedesigner: De Karl Lagerfeld kréich iwwermuer 90 Joer, hien ass den 19. September 2019 mat 86 Joer gestuerwen.

Eiger-Nordwand: Iwwer d'Mordwand op de Sommet vum Eiger
Viru 85 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Eiger-Nordwand: Iwwer d'Mordwand op de Sommet vum Eiger
Viru 85 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Mona Lisa: De Mythos ronderëm d'Schéinheet aus dem Louvre
Dem Leonardo Da Vinci säi Portrait vun der Mona Lisa gouf am Joer 1503 realiséiert virun ëmmerhi scho 520 Joer, an en huet näischt vu sengem Mythos verluer.

Kenzo Tange: E vun de populäertsen Architekte vun der moderner Zäit
De japaneschen Architekt ass haut virun 110 Joer gebuer, hien ass den 22. September 2005 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Kenzo Tange: E vun de populäertsen Architekte vun der moderner Zäit
De japaneschen Architekt ass haut virun 110 Joer gebuer, hien ass den 22. September 2005 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Charles Bronson: De legendären "Tough Guy"
De Prototyp vum raue Kärel aus der Dramfabrick Hollywood ass den 30. August 2003 zu Los Angeles gestuerwen. Seng lescht Joren waren duerch d'Alzheimerkrankheet gezeechent.

De Stockholm Sydrom: Symphatie tëschent Täter an Affer
1973 gouf bei enger Geiselnam a Schweden e Phenomeen observéiert, deen haut an der Psychiatrie Stockholm Syndrom genannt gëtt.

De Stockholm Sydrom: Symphatie tëschent Täter an Affer
1973 gouf bei enger Geiselnam a Schweden e Phenomeen observéiert, deen haut an der Psychiatrie Stockholm Syndrom genannt gëtt.

Georges Braque: Ee vun de Pappe vum Kubismus
De Moler, Grafiker a Sculpteur, deen och Affinitéiten zum Fauvismus hat, ass haut viru 60 Joer, den 31. August gestuerwen.