Radioen

On air

One World  |  Spring Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am Laf vun der Woch méi kal

Meteo

Am Laf vun der Woch méi kal

De Weekend war et zäitweis naass, mee net wierklech kill. Wéi e Freideg scho kuerz ugedeit, stoung do awer nach eng Iddi am Raum, déi a Richtung Schnéi geet. Wéi grouss eis Chancë sinn, do geet elo de Philippe Ernzer méi genee drop an.

auto_stories

3 min

Angie Maquil: De meteorologesche Wanter ass den 1. Mäerz eriwwer. Kréie mir et bis dohin nach eng Kéier mat Schnéi ze dinn?

Philippe Ernzer: Et hat elo eng laang Zäit net besonnesch gutt ausgesi wat eis Chancen op wanterlecht Wieder betreffen, mee e rezente Changement an der Atmosphär dréit elo dozou bäi, datt sech dat nach ier de Mount op en Enn geet ännere wäert. Am Fokus steet déi zweet Hallschent vun dëser Woch. D'Héichdrockgebitt, ënnert dem mir nach deelweis leien, gëtt vun déiwem Loftdrock verdrängt. D'Iddi ass déi, dattsech a Richtung Donneschden en Héichdrockgebitt iwwert den Atlantik leeë wäert, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien ze fannen ass. Geschitt dat esou, da kéime wanterlech Loftmassen op Lëtzebuerg erofgestréimt - dat ass mol d'Iddi vum amerikanesche Wiedermodell.

Sollt doraus näischt ginn, da kéim nach de Sonnden a Fro, wou eng änlech Situatioun net ausgeschloss wier. Dat hätte mir dann engem Héichdrockgebitt iwwert dem Nordmier an déiwem Loftdrock iwwert dem Alperaum ze verdanken.

Och den europäesche Modell rechent mat engem gréissere Changement a Richtung zweet Wochenhallschent, mee dat däitlech manner markant wéi den amerikanesche Modell. Mir wëssen also, datt sech eppes doe wäert, mee et ass nach ongewëss ob et dann elo déi wanterlech Variant dovu gëtt oder net. Wann, da wier sécherlech och e bësse Schnéi dobäi.

Angie Maquil: Et gëtt also awer nach eng kleng Hoffnung fir d'Wanterfrënn elo, esou kuerz virum meteorologesche Fréijoer. Et ass awer, wéi gesot, net déi ganz Woch esou kal.

Philippe Ernzer: Genee. Mir starten nach zimmlech mëll eran, dat mat Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad haut um Méinden. Duerch den héije Loftdrock ass et haut zimmlech roueg an de Reen och éischter keen Thema. Muer um Dënschde kommen e puer Wolleke mat dobäi, trotz klenger Reewarscheinlechkeet a Richtung Owend sollt sech awer ëmmer nach net all ze vill doen. 8 bis 10 Grad stinn un. E Mëttwoch soll et da lues a lues mam Changement ugoen - an egal ob mir elo déi kill oder manner kill Versioun dovun erwëschen, de Nidderschlag gëtt egal wéi méi warscheinlech.

E Bléck op d'Quantitéite verréit eis awer, datt trotzdeem net all ze vill erofkomme sollt. Vum europäesche Modell gi bis de Sonnde 6 l/m² berechent, den amerikanesche GFS ass mat tëscht 15 an 20 l/m² ënnerwee. Net nëmme wat d'Temperaturen ugeet ginn et also Differenzen, mee och wat d'Reequantitéite betrëfft.

Angie Maquil: Wa mir méi wäit an d'Zukunft erauskommen, da soll awer weiderhin net all ze vill Beweegung an der Wiederkiche sinn?

Philippe Ernzer: Mir hunn zwar zäitweis déi puer Beweegungen duerch Déifdrockgebitter an Héichdrockgebitter genee iwwert eise Käpp, mee op d'Laangzäit gekuckt ass dat kee Muster wat stänneg bestoe bleift. Op déi nächst Woch gekuckt hu mir andauernd nach héije Loftdrock, deen onbedéngt probéiert, bei eis ze bleiwen. Et ginn zwar dann erëm Versich, datt dësen ënnerbrach gëtt, mee dem momentane Stand no soll sech dat als e bësse méi schwéier gestalten.

Just ganz hanne raus, a Richtung 8. Mäerz, hu mir eng méi markant Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell GFS, deen e Stuermdéif direkt iwwer Mëtteleuropa zéie gesäit. Mir géifen dann och ënner kille Loftmasse leien, wouduerch de Schnéi och en Thema wier. Mee opgepasst: Et ass nach immens laang bis dohin, dësen Zenario läit 384 Stonnen an der Zukunft. Et ass fir den Ufank also just als Iddi opzefaassen.

Trotz dëser Iddi gesäit et awer am grousse Ganzen net no enger immens variabeler Wiederlag aus. Mee mol kucken, wat mir déi nächst Kéier, de Freiden, hei fir Kaarten opgedëscht kréien.