Geschriwwe vum Jimmy Bruch
Schüler:inne an der Primärschoul an am Lycée sollen alternativ Aktivitéiten ugebuede kréien, fir si fräiwëlleg vum Handy ewech ze kréien. Dat wieren zum Beispill eng 3. Stonn Sport am Lycée, awer och para-scolaire Aktivitéiten an der Maison Relais.
De Minister ass der Meenung, datt de Kanner hiren Interessi um Handy haaptsächlech duerch e Manktem un alternative Beschäftegungen ze erklären ass. Dës Alternative wiere wichteg, well den Handy extrem negativ Konsequenzen op de Kanner hier Gesondheet hätt, erkläert de Claude Meisch.
"Ville jonke geet et net méi gutt. An d’Auswierkunge vun engem geännerte Liewensrhythmus mierke mer kierperlech duerch méi heefegt Iwwergewiicht. Mierke mer awer och mental duerch awer massiv Zouhuele vu Problemer mat der psychescher Gesondheet."
An de leschten 10 bis 15 Joer hätt ee gutt gemierkt, datt op enger Säit de Gebrauch vu Soziale Medie geklomme wier a gläichzäiteg d‘mental Gesondheet erofgaangen ass, gëtt den Educatiounsminister ze bedenken.