An der Kommissioun gouf confirméiert, datt et bei der neier HUT ASBL geschwënn zu Sozialwale kéint kommen. D'HUT huet jo nom Finanzbedruch bei der Caritas déi meescht national Aktivitéite vun der Hëllefsorganisatioun iwwerholl. Weider war et de Méindeg d'Confirmatioun, datt d'Geriichter mat Plainten iwwer d'Modalitéite vum Personaltransfert vun der Caritas bei d'HUT ASBL befaasst sinn.
D'Geriicht misst elo tranchéieren, ob et sech ëm een Transfert d'entreprise gehandelt huet, wéi ënner anerem den OGBL dat mengt, oder eben net, wéi vun der HUT ASBL applizéiert. Dat soen all d'Deputéiert no der Kommissiounssëtzung. Momentan géifen Affäre viru Geriicht lafen - d'Unzuel u Plainten, déi momentan lafen, variéiert jee no Source tëschent 3 an 8.
Marc Baum: Ofhale vu Sozialwale bei HUT implizéiert Transfert d'entreprise
Datt weider annoncéiert gouf, datt Sozialwale wäerte bei HUT ofgehale ginn, wërft bei den Deputéierten eng Rei Froen op, notamment och no der Roll vum Aarbechtsminister Georges Mischi, esou de Marc Baum.
"HUT mécht elo Sozialwalen. Wou d’ailleurs den Aarbechtsminister hätt misse seng Zoustëmmung ginn, esou steet dat am Gesetz, wou dat drun ass, wësse mir net. An dat bedeit awer näischt anescht, wéi datt wann déi Sozialwale stattfannen, datt implizéiert gëtt, datt et en Transfert d’entreprise war, well et kann ee Sozialwalen eréischt maachen, wa Leit méi wéi ee Joer an engem Betrib schaffen."
Ënner anerem eng Lëscht vun der ALEBA
Och déi gréng Deputéiert Djuna Bernard stellt d'Fro, wat mat der Personaldelegatioun vu Caritas elo geschitt. Zum Beispill wier net kloer, wéi eng Legitimitéit d'Caritas-Personaldelegatioun haut nach hätt, a wéi et mat där Legitimitéit géif virugoen.
"Mir hu jo och héieren, datt et nieft dem OGBL och nach aner Acteure gëtt, déi sech opstellen - fir deenen hir Legitimatioun am Fong ewechzehuelen."
Och de Smail Suljic vum OGBL bestätegt, datt et nieft dem OGBL bis ewell op d'mannst eng weider Lëscht fir d'Sozialwale bei HUT gëtt, nämlech d'ALEBA, eng Gewerkschaft, déi bis ewell vill am Bankesecteur vertrueden ass.
Caritas-Personaldelegéiert waren net an d'Kommissioun komm
An der Sëtzung vun e Méindeg sinn déi concernéiert Personaldelegéiert vu Caritas selwer net opgetaucht, si hätten Angscht, seet de Smail Suljic.
"Si haten do ganz vill Suergen, datt si kéinte Saache soen, déi duerno géint si verwennt ginn, well si och beim deem Transfert, dee si do gemaach hunn, u sech ënnerschriwwen hunn, datt si géifen de Mond halen, an net iwwer d‘Caritas schwätzen, an och net iwwer HUT."
Och d'Deputéiert ginn zou, datt een de Méindeg ënner anerem Abléck an Emaile kritt hätt, déi duerchaus géife weisen, datt verschidde Mataarbechter:innen ënner Drock gesat goufen, fir de Kontrakt mat der neier ASBL HUT ze ënnerschreiwen. Nom Motto: "Vogel friss oder stirb", esou d'Djuna Bernard. Ob d'Informatioune vum Méindeg e Suivi kréien, war net gewuer ze ginn. Haut um Dënschdeg sinn d'Vertrieder:inne vun der Caritas an d'Spezialkommissioun invitéiert.